
Den Escher Député-maire Georges Mischo ass op d'Kritik vun der ADR, fir déi de Projet eng verpasste Chance fir de Minett gewiescht wier, agaangen.
Hie kéint sech eigentlech 5 Minutte laang dohinner stellen an de Kapp rëselen, ma dat wier net ubruecht, esou den Escher Député-maire vun der CSV Georges Mischo e Freideg um Krautmaart, wéi hien op der ADR hir Analys iwwer Esch2022 reagéiert huet.
Déi politesch Sensibilitéit hat eng Aktualitéitsstonn gefrot, an där se kritiséiert huet, datt de Projet eng verpasste Chance fir de Minett gewiescht wier. Eppes fir Insider, well et net gelonge wier, déi breet Mass matanzebezéien.
De Georges Mischo huet ënnerstrach, datt een nach keen definitive Bilan kéint zéien.
Zuele sollen et am Mee ginn. Méi wichteg wéi d'Chifferen ass an den Ae vun der Kulturministesch Sam Tanson, datt zu Lëtzebuerg konsequent an d'Kultur investéiert géif an datt déi Dynamik, déi am Süden entstane wier, bestoe bleift.