Um Luxfilmfest ginn zwee nei Lëtzebuerger Fiktiounsfilmer gewisen, déi och vu Lëtzebuerger realiséiert goufen.

De Jacques Molitor huet no sengem éischte Film "Mammejong" elo rezent eng Rei Episoden vun der belscher Netflix-Serie "Coyotes" realiséiert a presentéiert elo säin neie Film "Kommunioun".

D'Elaine erzitt hiren 10-järege Bouf eleng. Vum Papp weess een a priori kaum eppes. Deen ass nach virun der Gebuert op mysteriéis Manéier verschwonnen. De Bouf mécht awer ëmmer méi Problemer, behëlt sech aggressiv a bäisst esouguer di aner Kanner. Wéi d'Situatioun méi schlëmm gëtt, decidéiert d'Elaine bei senge Schwéierelteren Hëllef sichen ze goen.

Dat ass eng räich, äerzkonservativ, kathoulesch Wënzerfamill vun der Musel, déi näischt vun hirem Enkel wossten, awer trotzdeem d'Mamm an de Bouf mat offenen Äerm ophuelen.

De Lëtzebuerger Titel vum Film: "Kommunioun" vermëttelt , a senger duebeler Bedeitung, di zwou  Haapt-Thematiken vum Film. Dat ass engersäits di ganz enk Verbindung tëschent der Mamm an dem Bouf, déi iwwer alles geet an op där anerer Säit déi kierchlech Zeremonie, iwwert déi d'Mamm an de Bouf der Famill soll bäitrieden, sech de Reegelen a Normen upassen an eigentlech domat och hir Fräiheet opginn.

Den engleschen Titel vum Film: "Wolfkin" ass dogéint vill méi explizitt. En deit vun Ufank un op dat aussergewéinlecht Schicksal vum Bouf hin a situéiert och de Film an de Kader vum Genre "Kino". Eng Rei klassesch Elementer vum Cinéma fantastique ënnerstëtzen länger Zäit d'Thematik vu Selbstbestëmmung, Fräiheet an bedéngungsloser Léift, bis et dann awer géint der Schluss einfach ze schnell geet a fir kuerz Zäit d'Clichéen besonnesch an der iwwerdriwwener Duerstellung vun der Famill Iwwerhand huelen.

Zimmlech onbetraff dovun bleift allerdéngs di ganz schéi Mamm-Jong-Relatioun, déi iwwerzeegend eriwwerkënnt, och dank der exzellenter franséischer Schauspillerin Louise Manteau an der Roll vun der Mamm.