Am Kader vum LuxFilmFest gëtt all Joers en Owend organiséiert, wou Lëtzebuerger Realisateuren d’Chance kréien, hir Kuerzfilmer ze weisen.
Hei sinn ënner anerem och vill jonk an opstriewend Film-Realisateuren dobäi. Fir dëst Editioun koumen dann esou vill Demanden eran, datt et gläich zwee Kuerzfilm Owender am Kinepolis gouf. D’Patricia Baum huet eng Realisatrice an ee Realisateur bei hire Premièrë begleet. 19 Kuerzfilmer si fir di 13. Editioun vum LuxFilmFest zréck behale ginn. Fir d’Realisateuren ass et eng gutt Plattform, hir Filmer eng éischte Kéier ze weisen a Geschichten a kuerzer Form z'erzielen. Eng Geschichtenerzielerin ass d’Gintarė Parulytė. Di lëtzebuergesch-litauesch Realisatrice, Schauspillerin a Schrëftstellerin schafft deemno op an hannert der Theaterbün, wéi virun an hannert der Filmkamera. An domat bréngt d’Gintarė eng ganz Panoplie un Ingrediente mat, fir e Kuerzfilm ze realiséieren.
"Ech wollt schonn ëmmer Geschichten erzielen, dofir maachen ech net souvill Ënnerscheeder tëschent de Beräicher. Wann ech eng Iddi fir eng Geschicht kréien, stellen ech mir och ëmmer d’Fro, op dat e Buch, en Theaterstéck oder e Film gëtt. An ech mengen, ech sinn einfach mat där Loscht op d’Welt komm, fir Geschichten z'erzielen."
Op der éischter Kuerzfilm-Soirée huet d’Gintarė Parulytė hire Film "Date Night" gewisen. Am Film geet et ëm eng Fra an e Mann mëttleren Alters, di sech fir en éischte Rendezvous treffen. D’Chimie tëschent deenen zwee stëmmt. An d’Kommunikatioun ass onbeschwéiert an éierlech.
"Ech mengen an all menge Projeten geet et drëms, wéi wichteg et ass, éierlech ze sinn an wéi schwéier dat ass, mä wéi dat een ëmmer belount. An wéi een ëmmer belount gëtt vum Liewen a vum Universum, wann een einfach de Courage huet, och wann et wéi deet a schwéier ass."
A just 2 Deeg huet d’Gintarė Parulytė de Skript geschriwwen an am Ganze goufen et 4 Dréideeg fir de Kuerzfilm. E Film dee sech an engem Restaurant ofspillt.
"En éischten Date an engem Restaurant ze hunn ass eppes wat d’Leit normalerweis net maachen, well een sech net ganz einfach aus der Situatioun kann erauszéien. Ech hu mir awer geduecht, datt et schéin wier, wann di zwee Haapt-Protagonisten esou un d’Léift gleewen an esou couragéis sinn, sech esou kennen ze léieren a sech Zäit huelen."
Um Owend vun de Kuerzfilmer komme vill Leit aus der Filmzeen zesummen, di virun an hannert der Kamera schaffen.
De Kiyan Agadjani ass nach net esou laang dobäi, ma huet awer schonn op ville Produktioune als Regie-Assistent oder Produktiounsmanager geschafft. Um LuxFilmFest weist hien säin zweete Kuerzfilm mam Titel "Arman & Elisa".
"Ech hu mat immens talentéierten an jonke Leit zesummegeschafft. Um Set ze schaffen mécht mir esou eng grouss Freed, souwuel mat de Schauspiller, wéi mat den Techniker. Dat ass eppes, wou ech wierklech opbléien an et ass ëm sou méi schéin, datt mäi Film fir de LuxFilmFest selektionéiert ginn ass."
Am Film "Arman & Elisa" geet et och ëm d’Kommunikatioun, an dësem Fall zwee Kanner, di net di selwecht Sprooch schwätzen an awer e Wee fannen, fir mateneen ze kommunizéieren. An der Geschicht geet et ëm den iranesche Jong Arman, deen op Lëtzebuerg kënnt an hei ageschoult gëtt. Seng eenzeg Bezuchspersoun an der Schoul ass d’Elisa, dat hei vun der Vicky Krieps hirer Duechter gespillt gëtt.
"D’Arman an d’Elisa sinn zwee Kanner, di keng gemeinsam Sprooch hunn an awer verstinn se sech immens gutt. Mee d’Erwuessener hannendrun, sief et d’Proffen oder d’Elteren, di hunn zwar eng gemeinsam Sprooch, mä trotzdeem stëmmt eppes net an der Kommunikatioun oder an der Empathie."
De Kiyan Agadjani huet iranesch Originnen an ass hei zu Lëtzebuerg opgewuess. D’Geschicht vum Arman ass net autobiographesch an awer ginn et Parallellen.
"De Film steet och fir e kulturellen Echange, fir Integratioun, fir Versteesdemech an Deelen. Dat ass jiddefalls eppes, wat ech aus menger Kandheet mat erabruecht hunn. Ma awer och di desagreabel Saachen, di den Arman erlieft, wéi zum Beispill komesch Blécker vun den Erwuessener oder Elteren."
Den eegene Film fir di éischte Kéier um groussen Ecran ze gesinn, suergt dann och fir grouss Opreegung bei de Realisateuren. D’Gintare Parulyte an de Kiyan Agadjani wäerten och an Zukunft nach weider Geschichten erzielen. An wat bitt sech do besser un, wéi d’Format vun de beweegte Biller.