
Am 3. Blog vum Luxfilmfestival geet et ëm den zweeten Owend mat Kuerzfilmer an ëm 4 Filmer, déi an der Kompetitioun ëm den Haaptpräis sinn.
Och wann ee bei deene Jonken e groussen Enthusiasmus spiert, e Gefill zu enger kreativer Communautéit ze gehéieren, déi hir Chance kritt sech mam Film auszedrécken, esou bleiwen ech dach bei menger Meenung, dass eng Selektioun néideg gewiescht wär, an dat besonnesch och wat den 2. Kuerzfilm Owend ubelaangt.
Wéi scho bei mengem Kommentar zur 1. Court-Métrage-Seance, wëll ech hei kuerz meng Impressioune ginn, just nëmmen zu deene Filmer, déi ech iergendwéi interessant fonnt hunn.
Ech hunn déi dräi Filmer "Fuel Stop", "Fishy" an "De läschte Pobeier" leider net kënne gesinn. Villäicht misst de Festival d'Terminer an d'Horairen esou programméieren, dass et méiglech ass, op d'mannst all d'Lëtzebuerger Filmer an d'Kompetitiounsfilmer ze gesinn.
D'Roxanne Peguet hätt villäicht besser gehat, méi bei hirem Sujet (Trauer ëm e Verstuerwenen via eng Avatar App) ze bleiwen, amplaz sech a Videoclip Exercicen ze verzettelen. Trotzdeem ass PHOENIX formal interessant, an d'Realisatrice huet et fäerdeg bruecht, mat schwaarz-wäisse Biller an enger dynamescher Kamera eng treffend Atmosphär ze schafen.

Visuell a formal manner ambitiéis war dogéint dee charmanten ARMAN & ELISA vum Kiyan Agadjani. Dëse war allerdéngs de "crowd pleaser" vum Owend. De Versuch vun engem jonke Lëtzebuerger Meedche mat sengem iranesche Kolleeg trotz der Onkenntnes vun de respektive Sproochen ze kommunikéieren, ass mat vill Sensibilitéit an och Humor beschriwwen. Dass d'Elisa "Colette a Fernand" op senger Playlist huet, ass net nëmme witzeg oder anachronistesch. Et ass wuel och eng Manéier, fir den Niveau vun eiser Kultur ze relativéieren, déi verschiddener de "Friemen" imposéiere wëllen. Manner nuancéiert ass d'Beschreiwung vum Onverstand an de Virurteeler vun den Elteren, och wann et wichteg ass drop hinzeweisen, dass dacks net d'Kanner de d'Probleem sinn, mä d'Elteren.
E bëssen ausser der Rei gedanzt hunn zwee Filmer vun "alen Huesen". (Fir deen Term schéngt et kee Feminin ze ginn). Dem Christel Henon (Produzentin bei Bidibul) hiren RESIGNATION, gespillt vu bekannten Acteure wéi Bernard Le Coq an Emilie Dequenne, war e ganz professionell realiséierte Fiktiounsfilm (wann och anscheinend mat wéineg Moyenen), iwwert d'Schicksal vu Kanner, déi an eng liewensbedreelech Lethargie verfalen, nodeem d'Asyldemande vun hirer Famill ofgewise gouf.

© Geneviève Mersch
D'Geneviève Mersch, zesumme mat hirer Monteuse Pia Dumont, setzt sech zanter Längerem mat dem räiche Fundus vun Amateurfilmer vum CNA kreativ auserneen. Mat "Komm ech Filmen dech" gëtt a 5 ganz kuerze Filmer op witzeg Manéier gewisen, wéi d'Leit sech 'deemools' an hire Familljefilmer duergestallt hunn. Fir de Projet REVISITED, (vun de 5 Filmer aus där Serie goufen der zwee gewisen) gouf all Kéier e Lidd mat Privatarchivbiller illustréiert. Op déi ganz bontfaarweg Natur- a Famillje Biller vun ERËNNERUNG hat esou déi Lëtzebuergesch Rapperin Nicool extra en Text a Musek geschriwwen, déi een an eng, typesch fir Amateurfilmer, idealiséiert Welt vun de 50er Joren zeréckversat huet.
Eng qualitativ gutt an interessant Kompetitioun
An der Kompetitioun hunn ech mëttlerweil ausser "1976" an "World War III" all d'Filmer gesinn (kuckt heivir och mäin 1. Blog mat "I have Electric Dreams" a "Maret") an et ass mer bis elo (ausser "Maret") nach kee Film sauer eropgestouss, wéi dat d'lescht Joer e puermol de Fall war.
Wann ech soen, dass ech am japanesche Kino bedeitend léiwer de Kurosawa oder Imamura hunn wéi den Ozu, da versteet een, dass ech net onbedéngt e Fan vum intimistesch, impressionisteschen SAULE AVEUGLE, FEMME ENDORMIE (Koproduktioun: Doghouse Films) sinn. De franséische Realisateur Pierre Földes setzt hei 6 Kuerzgeschichten vum Haruki Murakami op eng, fir mech net onbedéngt ëmmer schlësseg Manéier, zesummen. Och wann dat Skurrilt an Iwwernatierlecht diskret an d'alldeeglecht Liewen vun verschiddene verluerene Personnagen (niewent der verluerener Kaz) abrécht, esou hätt ech dach dee bei wäitem méi ausgeflippt a provokativen anere 'Lëtzebuerger' Animatiounsfilm "My love affair with Marriage" vum Signe Baumane, éischter an der Kompetitioun gesinn.
"Meta" ass in!! An all Festival gammst natierlech op déi rar Komedie, déi de Programm oplackere kéint. Dobäi gëtt "Meta" oft Ulass zu allméiglechen, futillen an intellektuelle Spillercher, déi mech wéineg interesséieren; an Humor ass eng Affär de goût. Ergo: LEONOR WILL NEVER DIE vun der Martika Ramirez Escobar hunn ech weder richteg witzeg fonnt nach huet di chaotesch Geschicht vun der Leonor mech interesséiert, déi um Enn vun hirem Liewen duerch en Accident an den Zenario vun hirem eegene Film erageréit. Dofir waren d'Personnagen ze schablounenhaft, an och wann den Hommage un de philippinneschen Trash- Aktioun Kino eng Zäit lëschteg war, esou vergeet engem mat der Zäit duerch di onendleche Repetitiounen de Spaass. Kee 'must' also fir eng Selektioun, mee vertrietbar als zumindest originelle Bléck op de philippinnesche Kino.
Den emouvanten ireschen QUIET GIRL (dee fir d'Oscare vum Beschten Internationale Fiktiounsfilm nominéiert ass), iwwert e jonkt Meedchen aus enger dysfunktionaler Famill, dat fir kuerz Zäit bei Ersatzelteren erëm oplieft, beweist, dass een och mat engem ganz luese Rhythmus an onspektakulären an och oft längere Pläng, an deenen allerdéngs all Kéier eppes vermëttelt gëtt, ka grousse Kino maachen.
Dogéint war AUTOBIOGRAPHIE vum indoneseschen Realisateur Makbul Mubarak wuel vum grousse philippinnesche Noper a 'Meeschter' Apichatpong Weerasethakul inspiréiert. De Film setzt op ellelaang Sequenzen, déi mëttlerweil fir vill Realisateuren a Kritiker schéngen e Film eréischt richteg zu engem Konschtwierk ze maachen. An dobäi ass AUTOBIOGRAPHIE a villen Hisiichten e remarkabele Film. Ronderëm déi toxesch Relatioun tëschent engem Politiker an engem jonke Bouf aus senger Famill, deen en a säi Bann zitt, bréngt de Realisateur et fäerdeg eng anxiogene a klaustrophobesch Atmosphär ze schafen, souwuel an den Dschungel-, wéi an den Interieurszeenen. Déi wär och ouni déi laang Pläng eriwwerkomm, déi ee méi aus dem Film werfen, wéi se een eranzéien. De Film ass virun allem awer och eng äiskal Analyse vun der zynescher, paternalistescher Emprise vun engem récksiichtslose Politiker op säin Ëmfeld a "seng" Wieler.
Och THE KINGS OF THE WORLD vun der Laura Morta Ortega (Koproduktioun: Iris Productions) ass mer vill méi laang virkomm, wéi seng 104 Minutten. De Film ass e klassesche Roadmovie iwwer 5 debosseléiert Jugendlecher, déi vu Medelin an den Norden vu Kolumbien reesen, fir do e Stéck Land ze recuperéieren, wat hinne rechtméisseg zousteet. Wéi bei all Roadmovie progresséiere seng Protagonisten an Etappen, déi hei e Bild vun engem fracturéierten, gewalttätegen a rassistesche Land vermëttelen, an awer och méi schéin, mënschlech an intim Momenter opweist. Och wann d'Rees laang ass, an d'Landschafte schéin an imposant, erneiert de Film seng Thematiken an och d'Relatiounen am Grupp net genuch, fir dass sech déi vill an oft laang Etappe vun dëser Odyssee géifen all justifizéieren.
Mam Alter misst ee jo eigentlech méi Gedold hunn!! An dat war mäin Haaptproblem bei munche Filmer. Mä villäicht hunn déi aner Leit der méi wéi ech. Trotzdeem...wa mat den zwee leschte Filmer elo net onerwaart 'béis' Iwwerraschunge kommen, war d'Kompetitioun dëst Joer bedeitend besser an och manner elitär wéi dat Joer virdrun.
Dräi Lëtzebuerger Koproduktiounen an der Kompetitioun, och wann se zum Deel di néideg Qualitéiten haten, schénge mer allerdéngs net ubruecht, kommen se dach all sécher spéider am Kino eraus. Domat wär Plaz fir aner interessant Filmer ze entdecken, déi déi Chance net onbedéngt kréien.
Ech si gespaant wat de Jury, ënnert dem President Asghar Farhadi, e Samschdeg decidéiert. En evidente Favorit fir de grousse Präis schéngt et mer net ze ginn.
