Et ass mëttlerweil déi zweete Kéier, datt de Cal am Fréijoer op eng grouss Expo an den Tramsschapp um Lampertsbierg invitéiert.

Fir dës Editioun goufen 69 Kënschtler erausgesicht. Diversitéit gëtt och bei dëser Editioun ganz grouss geschriwwen, an net nëmme Member vum Cal kréien Méiglechkeet auszestellen.

Memento ass Thema vun der grousser Fréijoers Ausstellung vum Cal. Am Laténgesche bedeit Memento "Erënner dech" a bal 70 zäitgenëssesch Kënschtler goufen invitéiert, Wierker zu dësem zäitlose Sujet ze kreéieren.

RTL

Dem Curateur Roland Hermann war et Wichtegkeet, datt ganz verschidden Artisten bei dëser Ausstellung zesumme kommen, déi fir hien d’Lëtzebuerger Konschtzeen representéieren.

De jéngste Artist huet der 16 den eelsten 90 Joer, Membere vum Cal, ma och 16 jonk Kënschtler si vertrueden. Genee sou wéi d’Artisten aus verschidden Atelier protégés. Ma och d’Kënschtler, déi aus der Groussregioun sinn, kruten d’Chance hir Wierker ze weisen.

D’Anna Recker an de Gérard Claude hunn e gemeinsame Projet presentéiert, e Wierk, dat am Dialog matenee steet, et geet ëm d’Vergänglechkeet an d’Erneierung. Béid Artiste si Member vum Cal a schoun zënter Jore bei den Ausstellunge vertrueden.

Da gëtt awer och nach dëst Joer e Präis verginn un di beschte jonke Nowuesskënschtler. D’lescht Joer goung deen un d’Annie Mertens. Si krut e Präisgeld vun 1.000 Euro, déi hir et erméiglecht hunn, no de Studien hiren Atelier anzeriichten.

Dëst Joer geet de Präis un de jonke Kënschtler Raphael Tanios.