Ënner anerem war de Museker laangjärege Organist vun der Iechternacher Basilika esou wéi Professer an Éierprofesser vum Iechternacher Lycée.

Mat Schüler hat hien och an der regionaler Museksschoul zu Iechternach wéi och beim INECC ze dinn. Zanter 2011 war hie beim Script aktiv a war och Member vun de "Cojellico's Jangen". An de verschiddenste Message wéinst dem Doud vum Jean-Marie Kieffer gëtt hien als Persoun, déi vill fir d'Musek hei am Land geleescht huet an dës jonke wéi och eelere Leit méi no bruecht huet, beschriwwen.

De Jean-Marie Kieffer ass den 8. Mäerz am Alter vu just 62 Joer gestuerwen.