
© AFP/Archiv/CHRISTOPHE SIMON
Bei de Razzies ginn traditionell déi schlechtste Filmer a schauspilleresch Leeschtunge vum leschte Joer ausgezeechent.
Bei der Editioun vun dësem Joer war de Film "Elvis" ee vun de grousse Favoritten. Ma den Tom Hanks, deen am Film dem Elvis säi Manager spillt, gouf direkt mat zwou "Gëllenen Hammbieren" ausgezeechent. Eng Kéier fir déi schlechtste schauspilleresch Leeschtung als Niewenduersteller an eng Kéier als Deel vun der schlechtster Koppel an engem Film. Dëse Präis ass un den Hanks an u säin - wéi et vum Razzie-Kommitee heescht - "mat Latex zougepechte Gesiicht" gaangen.
Am meeschte gelies