A sengem leschte Blog vum LuxFilmFestival geet den Joy Hoffmann op déi lescht 2 Filmer vun der Kompetitioun an op d'Gewënner vun deenen eenzele Präisser an

Déi zwee lescht Filmer vun der Kompetitioun hunn ech eréischt de leschten Dag gesinn. Matt dësen 2 weidere Filmer: "1976" iwwert eng Architektin , déi derzou kënnt engem duerch de Pinochet-Regime persecutéierte chileenesche Student ze hëllefen a  besonnesch " World WAR III",  woen ech ze behaapten, dass dëst wuel eng vun de beschten Selektioune vum LuxFilmFest war.

WORLD WAR III vum  Iraner Houman Seyyedi, war fir mech de beschte Film vum Festival an e krut och gläich 2 Präisser. E besonnesche Bravo fir déi fënnef Meedercher aus dem PRIX DU JURY JEUNE , déi dësem komplexen a gewoten, politesche Film hire Präis ginn hunn. Dass en och de PRIX FIPRESCI (vun dräi Filmkritiker déi vun der Fédération international de la presse cinématographique mandatéiert goufen) krut, schéngt mer dogéint méi evident.
De WORLD WAR III dréint ëm e Geleeënheetsaarbechter, dee seng Famill an engem Äerdbiewe verluer huet an um Rand vun der Gesellschaft iwwerlieft. Deen eenzege mënschleche Kontakt, deen en nach huet, ass mat enger Prostituéierter, déi e vun hirem Zouhälter wëll lass kafen. Duerch Zoufall gëtt e fir den Tournage vun engem Film iwwert den 2.Weltkrich rekrutéiert an iergendwéi spillt en dann do d' Roll vum Hitler, wat him och erlaabt, seng Frëndin um Set ze verstoppen.
De Film bréngt et fäerdeg, dee ganz schwieregen Equiliber tëschent Komedie an Tragedie ze fannen, an Absurditéit a Satire mat sozialem a politesche Melodrama op eng faszinant Manéier ze vermëschen. Esouguer Zeene mat Judden an de Gaskummeren am Film, dee gedréint gëtt an dee manifestement Schund ass, kommen ouni ze schockéieren eriwwer. De Versuch vun einfache Mënschen fir aus der Misär erauszekommen, an hir bescheiden Dreem ze erfëllen, gëtt ëmmer méi zu engem Thriller, deen no an no an engem quasi apokalyptesche Chaos endegt, mat dem "Message", dass Diktatur onweigerlech zu Anarchie féiert. An den Diktater ass leschten Enns de Realisateur. Wow! An dat alles an engem iranesche Film, deen och nach vum Iran an d'Oscarcourse geschéckt gi war, obschonn de Realisateur schonn eng Kéier Dréiverbuet hat. Décidément den islamistesche Regime, weess einfach net wéi e mat senge brillanten a kriteschen Cineasten wéi Jafar Panahi , Mohammad Rasoulof oder elo och dem Houman Seyyedi soll ëmgoen.

RTL

De GRAND PRIX vum Festival un I HAVE ELECTRIC DREAMS vun der costa-ricanescher Realisatrice Valentina Maurel, iwwert déi toxescher Haass-Léift vun engem jonke Meedchen zu sengem Papp, geet fir mech awer och komplett an d'Rei. (Liest heivir och mäin éischte Blog).
Ech ka verstoen, dass de President vum Jury, den Iraner Asghar Farhadi net an enger confortabeler Situatioun war, fir säi Kompatriot Houman Seyyedi ze jugéieren, an do war I HAVE ELECTRIC DREAMS sécherlech e gudden a vertrietbaren Auswee.

RTL

Och de PRIX DU PUBLIC geet un en excellente Film. THE QUIET GIRL ass dee Genre vun usprochsvollem a virun allem schéinen an beweegende Kino, deen net schockéiert a ganz konsensuell eriwwerkënnt. De Film iwwert e jonkt Meedchen aus enger dysfunktionaler Famill, dat bei Ersatzelteren erëm fir kuerz Zäit oplieft, ass och fir den Oscar fir de Beschten Internationale Film nominéiert.

RTL