Nom Enn vun hirer weltwäiter Concertstour kënnt déi däitsch Elektro-Band Kraftwerk am Summer op Lëtzebuerg.

Dat fir en Open-Air-Concert an der Abtei Neimënster den 12. Juli. D'Tickete ginn en Donneschdeg de 16. Mäerz um 10 Auer moies um Internetsite vum Atelier an d'Vente.