Ingeborg Bachmann, Portrait vun enger Literaturfigur
Ingeborg Bachmann – Reise in die Wüste. Sou heescht de nächste Film vum Margarethe von Trotta.
Katharina Blum, Rosa Luxemburg, Hannah Arendt. Figuren aus der Literatur- a Weltgeschicht, déi d’Denkweis vun der Allgemengheet gepräägt hunn. Wat dës Persounen nach verbënnt, ass, datt hir Liewe vun der däitscher Schauspillerin a Regisseurin Margarethe von Trotta verfilmt goufen. Elo ass et um Tour vun der Éisträichescher Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann mam Vicky Krieps an der Haaptroll.
Als eng vun de wichtegste Stëmmen aus der däitschsproocheger Literatur, huet d’Ingeborg Bachmann eng laang Rei u Gedichter, Prosa, Essayen, Héierspiller an, ënnert anerem, de Roman Malina hannerlooss. Nach haut gëllt den Ingeborg-Bachmann-Preis als ee vun de bedeitendste Literaturpräisser am däitschsproochegem Raum. De Film vum Margarethe von Trotta, deen d’Visiteure vum LuxFilmFest scho gesi konnten, leeft vum Oktober un an de Kinoen.