Den Europadeputéierte Charel Goerens hat fir d'Projektioun vun engem Film iwwert der Simone Veil hiert Liewen op Koler invitéiert.

"D'Simone Veil huet d'20. Joerhonnert inkarnéiert, se huet d'Ängschten an d'Dériven um eegene Leif gespuert, mä och am KZ net opginn - an dohir koum hiert politescht Engagement." Mat dëse Wierder beschreift de Charel Goerens déi franséisch Politikerin, déi fir Fraerechter, grad ewéi fir déi europäesch Iddi steet, an hiren Engagement. Am Film "Simone, le voage du siècle" gëtt hir Geschicht erzielt. An iwwer déi huet den Europadeputéierten uschléissend mat der Parteikolleegin a fréierer Europadeputéierter Colette Flesch diskutéiert. Den Numm Simone Veil steet néierens ouni Europa dobäi. En Europa dat ni méi sollt Krich erliewen, mä eng Gemeinschaft vum Fridde sollt sinn. Dat war d'Virstellung vun dëser Fra, déi an de 70er mat der Loi Veil, als Gesondheetsministesch de Schwangerschafts-Oofbroch depenaliséiert kritt, an 1979 als éischt Presidentin direkt un d'Spëtzt vun den Europäesche Bierger gewielt gëtt.

D'Colette Flesch, huet d'Simone Veil als Europadeputéiert begéint. Un dëser Grande Dame kéint a sollt ee sech inspiréieren, sou d'Colette Flesch. D'Simone Veil stoung fir e solidarescht Europa, en Europa, dat haut riskéiert, verluer ze goen.

D'Simone Veil war eng staark Fra, déi vun deenen, deene se op de Su goung, Simone l'emmerdeuse genannt gouf. Fir hire politesche Courage konnt a kann ee si bis haut bewonneren. Eng Europäerin par excellence.