An deem Kader organiséiert d'Cinémathèque an der Stad den 30. Mäerz e spezielle Screening vum legendäre Realisateur sengem véierte Film "Kill Bill".

"Kill Bill" zielt d'Geschicht vun enger fréierer Mäerderin - bekannt als "the Bride" - déi vun hirem jalousen Ex Bill op hirem Hochzäitsdag bal ëmbruecht gouf an du véier Joer an engem Koma war. Wéi si rëm erwächt, schwiert si sech, sech un all Mënsch ze rächen, deen an d'Attentat op si involvéiert war, dat si véier Joer vun hirem Liewe kascht huet.

"Kill Bill" ass de véierte Film, deen den amerikanesche Realisateur Quentin Tarantino gemaach huet. Obschonns dat ufanks net geplangt war, ass de Film schlussendlech an zwee Deeler erauskomm: "Kill Bill: Volume 1" (2003) a "Kill Bill: Volume 2" (2004). Béid kruten immens positive Feedback, goufe fir vill verschidde Präisser nominéiert - ënner anerem, gouf d'Haaptschauspillerin Uma Thurman 2003 an 2004 jeeweils fir e Golden Globe an der Kategorie "Bescht Actrice an engem Drama" nominéiert.

Säin Duerchbroch ass dem Quentin Tarantino am Alter vun 29 Joer mam Film "Reservoir Dogs" gelongen. Zanterhier huet hien néng Filmer erausbruecht, ënner anerem "Pulp Fiction" (1994), "Django Unchained" (2012) an "Once Upon a Time in Hollywood" (2019). De Regisseur huet dacks scho gesot, datt säin 10. Film säi leschte wäert sinn. De Film soll 2025 erauskommen, "The Movie Critic" heeschen a sech zu Los Angeles an den 1970er Joren ofspillen.

Fir säi 60. Gebuertsdag a seng Karriär bis dato ze feieren, weist d'Cinémathèque an der Stad den 30. Mäerz um 18.30 Auer "Kill Bill: Volume One" an direkt duerno "Kill Bill: Volume Two". Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.