D'National Medal of Arts ass déi héchsten Auszeechnung vun der US-Regierung fir Kënschtler a Konschtënnerstëtzer.

Nieft der Rocklegend Bruce Springsteen an der Actrice Julia Louis-Dreyfus kruten och Moudendesignerin Vera Wang, d'Sängerin Gladys Knight an de Sänger Jose Feliciano en Dënschdeg eng Medail vum US-President Joe Biden. D'Zeremonie war am Wäissen Haus.

De Bruce Springsteen gouf als "gréisste Kënschtler a Geschichtenerzieler" an den USA gewierdegt. Seng "Musek feiert seng Triumphen, heelt eis Wonnen a gëtt eis Hoffnung". D'Julia Louis-Dreyfus wier "eng vun den am meeschten ausgezeechent Komedie-Schauspillerinnen" vum Land, sou d'Erklärung vum Wäissen Haus.