D'Märche vum klenge Meedchen aus dem Mier zu Esch an zu Ettelbréck
Dat alleréischt Buch "La petite fille de la mer" vun der portugisescher Schrëftstellerin gouf am Ariston an enger adaptéierter Versioun zum Liewen erwächt.
D’Sophia de Mello Breyner ass eng bekannte portugisesch Schrëftstellerin. Hiert alleréischt Kannerbuch "La petite fille de la mer" huet si 1958 geschriwwen – eng Geschicht, déi bis haut immens bekannt an nach ëmmer beléift ass. Am Ariston zu Esch ass elo d’Geschicht vum Meedchen aus dem Mier an enger adaptéierter Versioun zum Liewen erwächt ginn.
"Saudade" ass eng portugisesch Definitioun fir d’Trauregkeet, déi bleift, wann een eppes verléiert, wat ee gären huet. Eng poetesch an nostalgesch Notioun, déi och en Deel am Stéck «La petite fille de la mer» ass. Ma awer och Theme vun der Frëndschaft, der Liichtegkeet an der Kandheet ginn hei ugeschwat.
"Migratioun ass och en Thema, genau sou wéi d’Recherche no enger besserer Plaz. An natierlech d’Imaginatioun vun de Kanner, de Pleséier vum Spill a mat ganz einfache Moyene wéi zum Beispill Ficellen, e ganzen Universum ze erfannen", fënnt d'Rita Bento dos Reis. Si huet den Text adaptéiert an d’Mise en scène gemaach.
"Et ka jiddereen sech dran erëmfannen. Jiddereen huet als Kand mol um Späicher gespillt oder mat banalen Objeten iergendeng Geschicht erfonnt. An et ass genau dat, wat ech esou schéi fannen un deem Stéck, dass ee mat allem, wat mir um Späicher fannen, eng ganz Welt kënnen erfannen", erkläert d'Magaly Teixeira – Schauspillerin.
An der Geschicht geet et ëm e Jong vun der Äerd, deen op e Meedchen aus dem Mier trëfft. Zesummen entdecken d’Sophia an de Franky hir verschidde Welten a stoussen op eng Këscht aus enger anerer Zäit. «La petite fille de la mer» gëtt op Lëtzebuergesch a franséisch gespillt. Am Franséische verkierpert d’Magaly Teixeira d’Roll vum Sophia an an der Lëtzebuergescher Versioun spillt d’Hanna Sofia Lopes.
"Et mécht immens vill Spaass op Lëtzebuergesch ze spillen an et mierkt een, wann een op Lëtzebuergesch spillt, dass d’Leit einfach mat vibréieren an datt se richteg dobäi sinn. Et kënnt scho seele vir, datt op Lëtzebuergesch gespillt gëtt.", esou d'Hanna Sofia Lopes – Schauspillerin.
D’Geschicht soll awer och visuell ënnerstrach ginn, dofir ass hei mat enger Klass aus dem Lycée Ermesinde zesummegeschafft ginn. Mat Animatiounen, Projektiounen an Objete gëtt esou d’Märchen erzielt.
"Ech mengen, et ass einfach en immens schéint Märchen an dat een eragezu gëtt. Et ass immens visuell. Ech mengen och, datt ee wierklech matreest. Dat ass emol Zil, dat mir eis gesat hunn, datt wann een d’Stéck gesäit, datt ee mat deenen Zwee di ganz Rees mécht", erkläert de Pitt Simon – Schauspiller.
De 25. an de 26. Mäerz gëtt d’Märche vum klenge Meedchen aus dem Mier am Ariston zu Esch an den 11. Juni am CAPE zu Ettelbréck gespillt.