An Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Artisten Center (LAC) an dem Kulturministère huet d'Gemeng Stroossen op en neits eng Ausstellung op d'Been gestallt.

Dës soll e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Konschtgeschicht duerstellen. Nom grousse Succès vun der Ausstellung "100 Joer Lëtzebuerger Konscht" 2021, läit de Fokus dëst Joer um Lëtzebuerger Konschtschafen aus deene leschte 50 Joer.

Ob Tableauen, Skulpturen oder Fotografien, am Kulturzenter Paul Barblé gëtt et déi zäitgenëssesch Lëtzebuerger Konscht mat méi wéi 200 Wierker an all hire Facetten a mat all hire Stréimungen ze bewonneren. Ganzer 72 Kënschtler, déi déi national Konschtzeen an deene leschte 50 Joer gepräägt hunn, sinn an dëser Expo vertrueden. Dorënner zum Beispill och de Michel Majerus, de Bert Theis an d'Tina Gillen.

Mat "50 Joer Lëtzebuerger Konscht" huet een de Centre Culturel also an eng Konschtgalerie verwandelt, an där Konschtwierker vun haut am Dialog sti mat deene vu gëschter.
Iwwerdeems gëtt des Ausstellung dem Public och d'Geleeënheet, fir eng ganz Rëtsch Konschtwierker ze entdecken, déi bis elo nach ni oder ganz seelen ausgestallt goufen.

Nach bis den 10. Abrëll kann een dësen Hommage un déi Lëtzebuerger Konscht zu Stroossen entdecken.