Wéi et vu senger Agentin heescht, ass den däitsche Schauspiller Robert Gallinowski iwwerraschend am Alter vun 53 Joer gestuerwen.

Ënnert anerem huet hien am "Tatort", "Polizeiruf 110" an "Der Alte" matgespillt. Och stoung hien dacks op der Theaterbün. D'Doudesursaach ass den Ament net kloer.