ODE un de Kasemattentheater

© RTL Grafik
Wou sinn d'Grenzen an der Konscht? Ass Konscht fräi? Wéi wäit dierf ee goen, wat ass korrekt a wat ass net korrekt?
Huet Konscht e Filter? Wéi wäit manipuléiert een als Kënschtler seng eege Gedanken? Wéi entgeet een den Trendgedanken? Wat ass Konscht? Ween definéiert wat Konscht ass?
Et si vill Froen, déi awer och net op eng absolut Wourecht oder Äntwert waarden, well déi gëtt et net. Konscht ass a bleift en Outil vun der Diskussioun an enger Gesellschaft. Deen ee gesäit Konscht, deen aneren net. Datt Konscht e subjektiivt Empfannen ass, muss een eigentlech net méi soen. E Konschtwierk ass zum Schluss eng visuell Interpretatioun vun individuelle Gedankegäng a perséinlechen a gesellschaftlechen Themen. Ma d'Endresultat am Musée oder an der Galerie gëtt automatesch mam Kënne vum Kënschtler a Verbindung gesat. Oft daucht op, ob eppes Konscht ass oder et héiert een Aussoe wéi: "Dat do kann ech och!". Wat muss oder soll Konscht kënnen a wien decidéiert, datt et Konscht ass?

© Bohumil Kostoryz
Däerf d'Konscht dann och alles ? Wie ka fir wie schwätzen?
Am Theaterstéck "ODE" am Kasemattentheater kritt ee verschidde Stëmmen ze héieren. Et si Prinzippien, déi openeen treffen. Den Auteur Thomas Melle stellt a sengem Text mat Witz an Absurditéit den Dilemma vun de Konschtschafenden duer, genausou wéi den Impuls vun der Gesellschaft. Et gëtt sech widdersprach an domat kritt een e gutt Stëmmungsbild vun eiser Gesellschaft a wéi se probéiert mat esou komplexen a widderspréchlechen Themen ëmzegoen. Deen ee seet deem aneren, datt seng Meenung eng Wourecht huet, woubäi deen anere vu senger Wourecht schwätzt. Gläichzäiteg ass d’Stéck awer och iergendwou wéi eng Libeserklärung un d'Konscht. Vläicht grad well ee se net einfach en een Tirang oder eng Kategorie stieche kann. A well et keng absolut Wourecht an der Konscht gëtt, wat jo och net d'Aufgab vun der Konscht ass. An do kënnt dann déi nächst Fro: Wat ass d’Aufgab vun der Konscht? Virun allem an Zäite wéi haut, déi vu Pandemie, Klimakris, Krich an Inflatioun gepräägt sinn. An der Pandemie ass jo och d'Systemrelevanz vun der Kultur an der Konscht ëmmer erëm thematiséiert ginn. Wéi systemrelevant ass d'Konscht?

© Bohumil Kostoryz
Wéi politesch korrekt muss respektiv soll Konscht sinn? Riskéiert Konscht sech selwer futti ze maachen?
Am Stéck "ODE" ginn dës Froe gestallt. Wat e ganz abstrakten Discours ass, deen hei am Theater eng Form kritt. D'Theaterstéck fänkt wéi e Vernissage un, mat enger Kippchen stinn d'Leit ronderëm e verschleiert Konschtwierk. Séier gëtt kloer, datt hei eppes devoiléiert gëtt, d’Fro ass just wat.
An dat wat sech devoiléiert, suergt fir vill Diskussiounen a werft ënner anerem d'Fro vun der politescher Korrektheet op. Och d'Froen no de Grenze vun der Konscht an hirem Impakt op d'Gesellschaft stelle sech. Wéi wäit kann ee mat der Konscht Ideologie vermëttelen an domat d'Leit an déi falsch Richtung lenken. E Wierk mam Titel "Ode an die alten Täter".
"ODE" verwandelt sech quasi an eng Arena, wou intellektuell gekämpft, gestridden an diskutéiert gëtt. An iergendwou gëtt een och mat sech selwer a sengen eegene Gedankegäng a Visioune vun der Konscht konfrontéiert. D'Stéck bréngt een zum Schmunzelen iwwert d'Konscht, d'Situatioun a sech selwer. Et gëtt dobäi awer en intellektuellen Usporn, fir sech Gedanken iwwert déi eegen an iwwer Friem Gedankegäng ze maachen. Et animéiert ze diskutéieren a sech konstruktiv matzedeelen.
Fir mech ass et e gelongenen Owend, wann ech aus dem Theater kommen an dat, wat ech héieren a gesinn hunn, bei mir weider schafft an nei Gedanken an Iddien entstinn. Et inspiréiert a suergt fir vill Gespréichsstoff ënnerteneen.
Schlussendlech ass och d'Konscht net fräi vu Skandaler, Politik, Sozialismus, Muecht, Kapitalismus, a villen anere gesellschaftlechen a mënschlechen Themen. Virun allem an Zäite vun Identitéits- a Geschlechterthemen, genau esou wéi rietse politesche Sujeten. Vläicht dierf een och net ënnerschätzen, wat fir eng Muecht an Impakt d'Konscht an d'Kultur am Allgemengen op eng Gesellschaft kann hunn, wann ee sech drop aléisst. Huet een als Konschtschafenden eng Responsabilitéit? Vläicht ass d'Fro an dësem Fall éischter ob d'Konscht dierf eng blann an onlimitéiert Fräiheet hunn.

© Bohumil Kostoryz
"ODE" gëtt nach den 31. Mäerz an 1. Abrëll gespillt an dann nach vum 18. Bis 20. Abrëll am Kasemattentheater.
Op der Bün: Nickel Bösenberg, Frédérique Colling, Lis Dostert, Konstantin Rommelfangen, Laura Trierweiler a Raoul Schlechter
Regie: Wolfgang Hagemann
Regieassistenz: Sara Goerres
Text: Thomas Melle
Bün an Kostüm: Anouk Schiltz