Insgesamt war et ee ganz doucen Optrëtt, dacks huet d'Musekerin sech selwer um Piano begleet, wéi bei der Ballad "Not About Angels".

D'Birdy huet iwwert de ganze Concert verdeelt, Lidder vu sengem neien, nach net verëffentlechem Album Portraits gespillt. Direkt am Ufank den Titel Raincatchers. Rhythmesch Melodien, déi begleet goufe vun enger klorer Stëmm.

Spéitstens wéi d'Museker op der Bün als drëtt Stéck 1901 ugespillt huet, hate se de Public op hirer Säit. E Coversong, den Original vun der Band Phoenix, interpretéiert mat vill Gittar an enger Stëmm voller Faarf.

Besonnesch Stëmmung an Atmosphär

Stëmmlech huet d’Brittin vill Facetten opweises, direkt Interaktioun mam Public gouf et wéineg. Wann déi 26 Joer jonk Fra lass leet, brauch et awer och net vill ronderëm. Mat hire Lidder erzielt d’Singer-Songwriterin Geschichten an d’Leit am Sall lauschteren no. Fir de Film "Persuasion" huet d’Birdy d’Lidd Quietly yours geschriwwen. Genee wéi am Film, gëtt d’Story vun enger Koppel erzielt, déi sech no Jore vun Trennung, nees erëmfënnt.

There's the sweetest
Spring at my door
Can you feel it?
Just the same as before
Many years have gone by
But I knew you'd come

Nei Lidder a Coversongs

D'Songs vum neien Album Portraits hu sech wéi ee roude Fuedem duerch de Concert gezunn: Your Arms, Heartbreaker, Ruins II, Automatic.

E klengen Highlight war den Iwwergang vum Titel Silhouette op de Coversong Running up that hill, deen d’Kate Bush 1985 erausbruecht huet. Vu méi doucen Téin ass et op eemol ganz rhythmesch gi mam Rock-Pop-Klassiker.

RTL

© Joaquim Valente

Musek ass hiert Liewen

Scho mat 7 Joer huet déi brittesch Musekerin geléiert Piano ze spillen. Mat 8 Joer huet si éischt Lidder selwer geschriwwen. Am Joer 2011 huet d’Birdy en éischten Album erausbruecht, um Album Birdy waren Titele wéi Skinny Love a People Help the People drop. Musek, déi haut nach vill um Radio gespillt gëtt, an e Freidegowend d'Fans am Atelier begeeschtert huet.

Skinny Love iwwregens e Song vum Bon Iver aus dem Joer 2008, deen déi jonk Musekerin mat deemools 15 Joer 2011 nei interpretéiert huet.

Zum Schluss huet d’Birdy hire weltwäit gréissten Erfolleg zum Beschte ginn: Wings.

RTL

© Joaquim Valente

Stëmmen aus dem Public

Nom Concert, waren d'Leit begeeschtert:
"Et war super."
"Et huet ee richteg gemierkt, dass et de Leit gefall huet."
"D'Kombinatioun vun der Stëmm an d'Begleedung um Piano hu mech faszinéiert."