Um Dënschdeg ass d'Ouverture vum 76. Filmfestival vu Cannes, mam franséische Film vum Maïwenn, "Madame du Barry", deen zäitgläich bei ons am Kino uleeft.

Wéi gesäit dann d'Kompetitioun dëst Joer aus?

Et ass net d'Revolutioun zu Cannes, ausser dass villäicht e puer méi Filmer vu Fraen a Competitioun sinn, mee siwe vun 21 ass och nach net de Glanz.

Soss setzt deen nach ëmmer bedeitendste Filmfestival vun der Welt weiderhin op sougenannte Valeurs sûrs. Fënnef vun den a Kompetitioun selektionéierte Realisateuren hu schonn eng Palme d'Or kritt, dorënner de Nanni Moretti, de Japaner Kore-Eda, oder de mëttlerweil 87 Joer ale Ken Loach, den absolutte Champion mat 15 Selektiounen, an dann de Wim Wenders, dee mat sengen 78 Joer d'Staang muss riicht hale fir den däitsche Kino, well soss ass wäit e breet zu Cannes keen däitsche Film ze gesinn.

Wa mer dann nach Leit wéi de Marco Bellocchio, den Aki Kaurismäki oder den Amerikaner Todd Haynes, mat och sëllege Selektiounen zu Cannes derbäi rechnen, si quasi Hallschecht vun de Selektionéierten Habitués vun der Croisette. Dat sinn dann awer och mat där gréisster Nimm aus der Kinoswelt, déi dem Festival trei bleiwen, an déi och fir Qualitéit suergen.

Och am Jury sinn niewent den US-Acteure Brie Larson a Paul Dano, d'Palm d'Or vun den zwee leschte Jore vertrueden, de Schweed Ruben Östlund, Realisateur vun "Triangle of Sadness", an d'Franséisin Julia Ducournau, Palme d'Or fir "Titane".

Esou e Festival - ass dat net am Endeffekt just eppes fir iwwerzeegte Cinephillen?

D'Filmer, och an der Competitioun zu Cannes, sinn natierlech usprochsvoll, a vill sinn och extrem laang. Se kommen awer quasi all an de Kino, a gi weltwäit distribuéiert. Cannes verschléisst sech do derniewent natierlech och net engem méi kommerzielle Kino, fir e breede Publikum, virausgesat et si Filmer vu Qualitéit.

Esou leeft "Hors Competition" den neie Martin Scorsese  "Killers of the Flower Moon" mam Leonardo di Caprio, den neien "Indiana Jones and the Dial of Destiny" mam Harrison Ford, "The Idol" vum "Euphoria" Realisateur Sam Levinson mam Lily-Rose Depp an als Clôture den neie Pixar Animatiounsfilm "Elemental". Fir Glamour suergen ausserdeem de Johnny Depp, de Robert de Niro, d' Scarlett Johansson, d'Natalie Portman, d'Margot Robbie, de Ben Afleck oder Sean Penn, fir nëmmen e puer vun den amerikanesche Staren ze nennen, plus de Michael Douglas, deen eng Éiere-Palme d'Or fir seng Carrière iwwerreecht kritt.

RTL

A wie gäre pur Actioun hätt, kann op dem Takeshi Kitano säin neie Samurai-Film zielen, oder op d'Mëtternuechtsséancë mat purem spektakulärem Actionkino aus Indien, Korea oder och den USA.

Wéi gesäit et da mat Lëtzebuerger Filmer aus? Där sinn et nees eng Kéier vill, oder?

Richteg. No engem Rekord vu sechs, queesch duerch de Gaart selektionéierte Lëtzebuerger Koproduktiounen d'lescht Joer, sinn et der dëst Joer, "nëmmen" véier ... wann een esou ka soen. Se figuréieren allerdéngs alle véier, jeeweils an enger vun de véier Haaptsektioune vum Festival, wat och exzeptionell ass. Den dräi an eng hallef Stonne laangen Documentaire vum Chinese Wang Bing ass an der Competitioun fir d'Palme d'Or, dem Argentinier Rodrigo Moreno säin "Los Delincuentes" leeft am "Certain Regard", an d' "Quinzaine des Cineastes" weist de ganz ausgefalenen "Conann" vum Fransous Bertand Mandico. Dës dräi Filmer goufe vu Les Films Fauves koproduzéiert. Zu gudder Lescht krut och Red Lion hire Film "Lost Country" vum Serb Vladimir Perisic an der "Semaine de la Critique" placéiert.

RTL

Iwwert dës Lëtzebuerger Koproduktioune soe mer Iech méi, Ufanks der nächster Woch, wa mer se da bis gesinn hunn.