Um Dënschdeg gouf op der Croisette de bekanntste rouden Teppech vun der Welt fir d’Ouverture vum 76. Filmfestival vu Cannes ausgerullt.

Wa Filmleegenden wéi d'Catherine Deneuve oder de Michael Douglas sech dëst Joer d’Éier ginn, feieren nees 68 Filmer an de verschiddene kompetitive Selektiounen hir Weltpremière, dorënner och 4 Lëtzebuerger Co-Produktiounen. De Loïc Tanson ass fir ons op der Plaz.

Et ass am legendäre Palais du Festival, wou den Ouvertures-Film vun der 76. Editioun vum Filmfestival gewise gouf. Den historeschen Drama JEANNE DU BARRY vun der franséischer Realisatrice Maïwenn huet de Startschoss ginn. An do huet den Johnny Depp, deen hei de Kinnek Louis XV spillt natierlech net dierfe feelen.

De Schauspiller, deen duerch säi vill mediatiséierte Prozess mam Amber Heard méi um Internet ze gesi war, wéi um groussen Ecran ass zesumme mat senger Realisatrice an Haaptduerstellerin Maïwenn iwwert de rouden Teppech gaangen. JEANNE DU BARRY erzielt Geschicht vun enger populärer Kourtisane, déi sech um franséischen kinneklechen Haff eng onverhofften Plaz ergattert, wann de Louis XV sech Hals iwwer Kapp a si verléift. De Film, deen net a Fro kënnt, fir di ominéis Palme D’Or ze gewannen, well dësen historeschen Drama Hors Competition virgestallt gouf, leeft och elo schonn an de Lëtzebuerger Kinoen un.

Am Ganze konkurréiere 19 Filmer fir den renomméierte Präis vum Festival vu Cannes, dee vun enger internationaler Jury wäert iwwerreecht ginn. Presidéiert gëtt dëse Jury vum schwedesche Realisateur Ruben Östlund, deen zu de seelene Cineaste gehéiert, dee schonn zwou Palme d’Or konnt gewannen.

A Fro fir d’Palme d’Or kënnt och eng Lëtzebuergesch-Hollännesch-Chineesesch Co-Produktioun mam Titel JEUNESSE vum Wang Bing. Eng Selektioun, déi ëmsou méi exzeptionell ass, well et sech bei dësem Wierk vun der Produktiounsfirma LES FILMS FAUVES ëm en Dokumentarfilm handelt, e Genre, deen nëmme seelen de Sprong an déi offiziell Competitioun packt. Der nieft si mat "Connane", "Los Delincuentes" a "Lost Country" net manner wei 3 weider Lëtzebuergesch Co-Produktiounen an de verschiddene Niewesektiounen vertrueden, déi mir ab e Freideg entdecke wäerten.

Weider Detailer iwwert déi verschidde Lëtzebuerger Filmer um Festival vu Cannes genee wei Interviewe mat de Produzente kënnt dir den nächsten Dënschdeg am Magasinn entdecken.