Lëtzebuerg City Museum sicht no Zäitzeien

© Théo Mey 1960 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg sicht de Lëtzebuerg City Museum no Participante fir e Workshop iwwert d'Schueberfouer an den 1960er Joren.
An dësem Workshop soll mat Hëllef vun Zäitzeien a Fotoen illustréiert ginn, wéi et an den 1960er op der Schueberfouer war a wat d'Ënnerscheeder zu haut sinn.
Gesicht gi virun allem Leit, déi an de 60er Joren d'Schueberfouer besicht hunn, sief et als Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen.
Wie Loscht huet, seng Erënnerungen ze deelen, dee ka sech fir de Workshop am Lëtzebuerg City Museum den 8. Juni aschreiwen. Dëst per Mail u visites@2musees.vdl.lu oder per Telefon op der Nummer +352 4796 4500.