28 Foto-Ausstellunge ronderëm d'Thema "Rethinking Identity"
Am Kader vum European Month of Photography sinn dëst Joer am ganzen 28 Foto-Ausstellungen duerch d’Land organiséiert ginn.
Quasi all Kulturinstitutioun, déi zäitgenëssesch Konscht weist, ass hei vertrueden. Den European Month of Photography ass en europäescht Event dat a 6 verschidde Stied opstriewend an etabléiert Fotografe vun der ganzer Welt ervir hieft.
All zwee Joer kann een hei zu Lëtzebuerg am Kader vum European Month of Photography zäitgenëssesch Fotografen an hir Aarbechten entdecken. Dëst Joer ass Thema "Rethinking Identity" - en Thema, dat vill Fräiraum fir Interpretatioune léisst.
De Curateur an Organisateur vum Emop, de Paul di Felice:
"D’Kënschtler komme jo net mat Léisungen, mee si stelle Froen. A fir eis war et interessant, esou eng Thematik wéi d’Identitéit mat der Fotografie zesummen ze bréngen. Bei Identitéit gëtt jo oft geduecht, datt ee vun enger Idenititéitsfoto schwätzt, et vergësst een heiansdo haut, datt d’Fotografie an d’Identitéit e Konstrukt ass. A fir eis war et eben interessant ze gesinn, wéi eng Positiounen ee ka fanne par rapport zu esou enger Thematik. Mir fannen hei also och eng Ausernanersetzung mam Medium."
Eng Ausernanersetzung mam Medium, déi dozou féiert, datt d’Fotografie vun haut net nëmme just op der Mauer ausgestallt gëtt. De Medium huet sech entwéckelt an opgemaach a gëtt esou och mol méi installativ oder skulptural.
"D’Bild ass trotzdeem nach ëmmer am Zentrum. Also wann ee vu Fotografie vun haut schwätzt, da géing ech et éischter visuell Konscht nennen. Et schafft ee mat de Biller. Biller, déi vun der Mauer ewech ginn an an de Raum kommen. Domat kréie se skulptural an installativ Dimensiounen".
Den European Month of Photography gëtt e gudden Iwwerbléck iwwert déi europäesch Fotografie a wat et haut bedeit, Fotograf ze sinn a sech mat aktuellen Themen auserneenzesetzen. D’Konstrukt vun der Identitéit bitt dohier vill Méiglechkeeten.
"Do geet et vu perséinleche bis gesellschaftleche Konstrukter, awer och politesch. Et geet souguer bis zu Kolonialismus oder wéi och haut Post-Feminismus a Post-Kolonialismus déi Thematik vun der Identitéit abordéiert."
Vill Ausstellunge lafen nach bis iwwert de Mee eraus. De ganze Programm vum European Month of Photography fënnt een op www.emoplux.lu.