"En Quête" - Eng real Fiktioun zum Thema Migratioun
"En Quête" erzielt vum Liewen an dem Erliewe vu Lëtzebuerger Bierger vu verschiddenen Nationalitéiten a mat verschiddenen Originnen.
Am Kader vun der Themerei "Migration(s)" vum Iechternacher Trifolion huet de Regisseur Fábio Godinho ee méisproochegt Theaterstéck kreéiert, dat net just d'Multikulturalitéit vun Lëtzebuerg erëmspigelt, ma virop Mënsche mat Migratiounshannergrond eng Stëmm gëtt.
Aacht professionell an Amateur-Schauspiller konfrontéieren am Stéck "En Quête" d'Liewen, d'Geschichten an d'Meenunge vu Mënsche mat verschiddene Migratiounshannergrënn. D'Basis vun dësem Projet sinn Temoignagë vu Mënschen aus aller Welt, déi de Regisseur Fábio Godinho kennegeléiert an interviewt huet. Ma och d'Schauspiller verschaffen an dësem Stéck hir perséinlech Migratiounsgeschichten.
"En Quête" ass eng Sich no Gemeinschaft, no engem besseren Liewe mat anere Méiglechkeeten oder Sécherheet an iergendwéi och eng Sich no sech selwer.
A ganzer aacht Sprooche geet dëst Stéck sou eescht wéi néideg a sou spilleresch wéi méiglech op déi verschidde Forme vun der Migratioun an. Ma net just d'Sprooch, och d'Musek spillt an dësem Projet eng wichteg Roll.
Mat dësem Projet wëll de Regisseur Fábio Godinho dem Public nach eemol méi virun Ae féieren, dass jiddweree vun eis a Verbindung mat der haiteger Migratiounspolitik steet. Sou sëtzt een als Spectateur och net an enger Loge, ma mat de Schauspiller op der Bün oder, wann ee sou wëll, am selwechte Boot.
De 24. a 25. Mee ass "En Quête"am Trifolion zu Iechternach ze gesinn. Tickete ginn et op www.trifolion.lu.