Skéiteng Kälifornia
Skateboard-Ausstellung am Musée Ferrum zu Téiteng

© schungfabrik.lu
Skateboard-Fans däerfe sech freeën: Vum 16. Juni bis den 1. Oktober wäert am Téitenger Musée Ferrum d'Geschicht vum Sport an der Kultur erzielt ginn.
Am Kader vun der Ouverture e Freideg de 16. Juni um 19 Auer wäert och de legendäre Skater a Museker Claus Grabke, mat sengem Fils, dem Sänger a Gitarrist vun "The Picturebooks" Fynn Grabke present sinn an Interesséierten an engem Q&A Ried an Äntwert stoen.
No der offizieller Erëffnung vum Vernissage um 20 Auer steet um 21 Auer e Concert vun "The Picturebooks" um Programm.

© schungfabrik.lu
Am meeschte gelies