2010 gouf den "Hip Hop Marathon" vun de Rotondes an d'Liewe geruff an adresséiert sech u Schüler vum Regime préparatoire.

"Zil vum 'Hip Hop Marathon' ass et, deene Jonken eng Plattform ze ginn, wou si sech kënnen ausdrécken duerch d'Hip-Hop-Kultur, well dat eppes ass, wat hinnen no ass", erkläert d'Amandine Moutier, Coordinatrice vum Evenement. "Da solle si och eng positiv Erfarung am Kader vun der Schoul maachen. Ganz ursprénglech war dat och d'Iddi, d'Schüler ze motivéieren an d'Schoul ze goen duerch esou e Projet an hinnen ze weisen, dass si och Verschiddenes ugebuede kréien. Dann ass een Zil och, dass dat hiert Selbstvertraue 'pushed' a si een Erfollegserliefnes duerch dëse Projet hunn."

Zanter sengem Lancement 2010 ass den "Hip Hop Marathon" ëmmer weider gewuess an et géif ee sech Méi ginn, ëmmer nei Aspekter an de Programm erafléissen ze loossen. Allgemeng konnten d'Klassen tëschent dräi Hip-Hop-Formen entscheeden - Rap, Graffiti oder Danz - a goufen du wärend Workshoppen a Brainstorming-Seancë vu professionelle Kënschtler suivéiert an ënnerstëtzt.

Mat dobäi sinn dëst Joer den Helder Ferreira (Maka MC), Xavier Van Damme (Forsan) a Vincent Habay (Taipan) fir de Rap; de Marc Folschette (Art in Motion) an d'Alicia Cano fir d'Danzen; den Daniel Mac Lloyd an Thomas Lloyd fir de Graffiti an den David Galassi (David Fluit) fir déi musikalesch Animatioun vun der Show.

Am Ganze maache ronn 180 Schüler aus 10 Lycéeën aus dem ganze Land um Projet mat an triede véier Mol op. Dräi vun de Seancë si fir aner Schoulklassen a sinn opgedeelt tëscht de Rotondes an hire Partner, dem CAPE a Rocklab.

Méi Informatiounen zum "Hip Hop Marathon" ginn et hei.