An enger verloossener Fabrick, manner ewéi eng Stonn mam Auto vu Lëtzebuerg ewech, hu mir de gebiertege Pierre Bertolotti mat sengem Hond getraff.

Ënnert sengem Kënschtlernumm Scaf, d'Ofkierzung fir "Super connerie à faire", huet hien hei schonn esou vill un d’Mauere gesprayt, dass dës Plaz och "Scaf-Land" genannt gëtt.

Zanter zwanzeg Joer kreéiert hie seng eege Konschtwierker mat der Spraydous an der Hand. Eréischt viru sechs Joer huet hie sech awer op 3D-Effekter spezialiséiert. Aus dem richtege Bléckwénkel gekuckt, erwächen seng Graffitien zum Liewen.

Am Ufank vun den 2000er Jore war hien Deel vun engem Kollektiv mat deene beschten Artisten aus der Groussregioun. Zesummen hu si Graffitien an der Lorraine, an Däitschland an zu Lëtzebuerg gesprayt. Am Mee vun dësem Joer huet et de Scaf nees eng Kéier an eist Land gezunn a war um "I Love Graffiti" Festival zu Hollerech.