"Éierlech a riicht eraus": Filmfong war Sujet nom Regierungsrot

Sou hunn déi zoustänneg Ministere Bettel an Tanson nom Regierungsrot mat de Vertrieder aus dem Lëtzebuerger Filmsecteur geschwat.
Et goung ëm d'Gestioun vum Filmfong an d'Reform vum Gesetz, deem de Fong reegelt.
Dës Entrevue war nëmmen e puer Deeg nodeem an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber dës Woch eng Dosen Recommandatiounen ugeholl gi waren, déi d'Gestioun vum Filmfong sollen verbesseren.
Basis heivunner ass e Spezial-Rapport vun der Cour des Comptes, wou d'Roll vum Direkter an presuméiert administrativ Onreegelméissegkeete beim Filmfong ënnert d'Lupp geholl gi waren.
D'Propositiounen viséieren ënnert anerem de finanzielle Pouvoir vum Direkter Guy Daleiden an d'Rees-Depensen, nodeem ewell administrativ Prozeduren ugepasst gi wieren.
Rapporter vum Avant-Projet de Loi ass de Vizepresident vun der Budgetskontrollkommissioun, den LSAP-Deputéierten Dan Kersch.
Aner kriddeleg Punkten, déi haut ugeschwat goufen, waren d'Promotioun vu jonken Talenter am Film-Business an natierlech d'finanziell an sozial Erausfuerderungen, déi de Secteur ze meeschten huet.