Dass et och am räiche Lëtzebuerg Aarmut gëtt ass gewosst - dass dat fir e Land net grad Pub ass, ass grad esou evident!

An awer probéieren de Fotograf Raymond Reuter an de Schrëftsteller Claude Frisoni, der Aarmut e Gesiicht an eng Stëmm ze ginn, andeems se ganz perséinlech Temoignagen an engem Buch festgehalen hunn.

Parallel dozou iwwerrasche grouss Fotoen de Passant do, wou hien am Alldag "d'Exclus du festin" gemengerhand iwwersäit: Op der Garer Passerelle, beim Pafendaller Funiculaire an an der Chambre des Salariés hänke Portraiten an Zeenen aus dem "aneren" Alldag. Frisoni a Reuter traue sech mat den "Exclus du Festin" un en Thema erun, mat deem eng Gesellschaft nëmme schwéier eens gëtt, a versiche mat Pixelen an Tënt, reell Schicksaler z'erzielen, ouni voyeuristesch ze sinn. Et géing hinnen drëm, de Leit hir Dignitéit ze weisen an ze loossen.

Annerhalleft Joer hu si gebraucht, fir un all hir Protagonisten erunzekommen. Eraus koum dat anert Bild, net just dat Stater, mä eent vum ganze Land.

Well de Begrëff "Working Poor" och aus eiser Realitéit net méi ewech ze denken ass, huet d'Chambre des Salariés dëse Projet finanzéiert. Ëm d'Buch këmmert sech den Ernster an den Erléis aus der Vente vun den "Exclus du Festin" ass fir e Gudden Zweck. Iwwregens: d’Net-Kucken an d’Net-Gesinn, war deen Dag hei op alle Fall Alldag.

Detailer an déi verschidde Protagonisten am Video ginn et um Site vun der Chambre des Salariés.

2 perséinlech Temoignagen