Beim Concert vum Peter Fox, deen e Samschdeg am Kader vum Usina23 zu Diddeleng ass, wäerten ausgewielt Fans vum Sänger mat him zesummen d'Bün rocke kënnen.

Den däitsche Kënschtler sicht Persounen, déi keng Angscht hunn, op der Bün ze stoen an déi e bëssen danze kënnen, ouni awer mussen e "Profidänzer" ze sinn. Dës kënnen an enger gréisserer Grupp op der Bün optrieden, mussen awer op d'mannst 18 Joer al sinn.

Eng Kéier op engem Festival op der Bün stoen?

RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir dës eemoleg Chance ze notzen.
Wat musst Dir dofir maachen?

Sot eis, mat wei enger Band de Peter Fox bekannt gouf? Schéckt eis d'Äntwert, ären Numm an är E-Mail-Adress per SMS op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt dës eenzegaarteg Méiglechkeet.

Opgepasst! Dir musst op d'mannst 18 Joer al sinn, fir kënne bei dësem Gewënnspill matzemaachen!

Vill Gléck!

E Freideg de Moie kënnt Dir am Wecker och nach eng Kéier um Radio matmaachen, fir är Plaz op der Bün ze gewannen oder einfach eng Koppel Entréesticketen fir den Usina Festival zu Diddeleng.

Ma och um Site vum Peter Fox ginn nach Plazen op der Bün am Kader vu "Werde Teil der Show" ugebueden.