D’Kultur-Redaktioun huet hir perséinlech Selektioun u Festivallen zesummegestallt a stellt hire Coup de coeur fir de Summer 2023 vir.

D'Festival-Saison steet virun der Dier. Europäesch Wisen, Felder, Parken, an och méi oder manner insolite Plaze stinn dann ganz am Zeeche vun der Musek, an ëmmer méi dacks allgemeng am Zeeche vun der Konscht an der Nohaltegkeet.

Jenny Fischbach: Jazz à l'Hospitalet (vum 16. bis den 21. Juli) 

RTL

Jazz-Festivalle ginn et der uechter Europa all Joer eng ganz Rëtsch, mat de gréissten ass wéi all Joer zu Montreux an der Schwäiz. Ma och den eelste vun den europäesche Jazz-Festivallen, wéi zu Middelheim an der Belsch, sinn e Begrëff fir all Jazz-Fan.

Da ginn et awer och nach e puer kleng Festivallen uechter Europa, déi een net direkt am Kapp huet. Viru kuerzem sinn ech op de Festival "Jazz à l’Hospitalet" gestouss.

Matten an de Wäibierger vun Narbonne läit ee grousse Wäindomaine vum bekannte franséische Wënzer, Gerard Bertrand. Ee vu sengen Domainer: Château de l'Hospitalet. Dëse läit ganz idyllesch tëschent Narbonne-Plage an Narbonne-Zentrum. Nieft engem 5-Stären-Hotel, engem gastronomesche Restaurant an natierlech dem Wënzerbetrib, bitt de Bar vum Hotel all Woch en Jazz-Programm, souwéi Konschtausstellungen un.

RTL

© Château l'Hospitalet

Ma zënter 20 Joer markéiert de Mount Juli am Schlass e grousse Moment. Hei steet dann Jazzmusek am Vierdergrond. Bannent sechs Deeg gëtt et am Haff an am Gaart vum Domaine all Owend e grousse Concert, mat virdrun engem Iesse vum Chef Laurent Chabert. Mat enger Capacitéit vun ëm déi 1.500 Léit ass et e klengen a privilegéierte Festival.

Ma ganz grouss Nimm stinn hei Joer fir Joer op der Bün. Nieft ville bekannte franséische Museker, wéi Francis Cabrel oder nach Thomas Dutronc,  sinn all Joer erëm ganz grouss international Nimm mat dobäi, ewéi ënnert anerem: Seal, Texas, Norah Jones, UB40, Zucchero, Diana Krall, Jamie Cullum, Dee Dee Bridgewater, Boy George, Kool & The Gang, Earth Wind & Fire an d'Lisa Simone. An dat sinn nëmmen e puer vun de weltbekannte Museker, déi hei op der Bün stoungen.

Dëst Joer feiert de Festival Jazz à l’Hospitalet seng 20 Joer. Natierlech och déi Kéier mat grousse Kënschtler: de Ben Harper, d’Selah Sue, den Ibrahim Maalouf oder nach Big Band Brass mat Invitéeë wéi dem Imany an dem Ben l’Oncle Soul goufen invitéiert.

RTL

© Jazz à l'Hospitalet

Och wann d'Präisser vum Festival net grad bëlleg sinn - mat bësse manner wéi 300 Euro si se awer gerechtfäerdegt, dat duerch déi privilegéiert Concerte mat Aperitif an Owesiessen. Fir all Owend gëtt et dann och ee Kleeder-Konzept, meeschtens ass et eng Faarf pro Owend. E Grond fir am Summer een Tour a Südfrankräich ze maachen, an enger Regioun, déi villäicht manner bekannt ass, mee déi op d'mannst souvill ze bidden huet.

Jazz à l'Hospitalet

Patricia Baum: Couleur Café (vum 23. bis den 25. Juni) 

RTL

"Momma, now we celebrate" - Ech ka mech ganz gutt erënneren, wéi ech zu Bréissel studéiert hunn a bemol déi Zeil aus engem neie Lidd héieren hunn. Den Numm Coely ass an der belscher Musekszeen opgedaucht. Eng jonk Musekerin, déi mech iergendwéi deen Ament matgerappt huet, obwuel et net esou mäi Museksgoût war. Mä et huet zu mengem Bréisseler Liewensofschnëtt gepasst. An dofir hunn ech och de Festival Couleur Café erausgesicht. Net just well d’Coely hei optrëtt, ma och, well de Festival fir mech déi gutt Séil, Diversitéit an déi eenzegaarteg Ambiance vu Bréissel representéiert. E Festival an engem fir mech surreale Kader, nämlech beim Atomium Square. Den Touristemagnéit straalt och haut nach eppes Fortschrëttleches aus, wat och deemools 1958 d’Iddi war, wéi et fir d’Weltausstellung gebaut ginn ass. Den Atomium ass d’Entrée fir de Festival, wou et da weider geet an de Park Osseghem.

RTL

© Couleur Café

1990 war déi alleréischten Editioun vum "Couleur Café"-Festival, deemools war et nach an den historeschen "Halles de Schaerbeek". D’Programmatioun war haaptsächlech op afrikanesch Musek fokusséiert. No e puer Joren ass de Festival op de Site "Tour et Taxis" beim Kanal geplënnert, ee vun den eelsten industrielle Sitten an Europa. Zënter 2017 gëtt de Couleur Café um Plateau Heysel organiséiert, direkt beim Atomium.

Souvill wéi de Lieu gewiesselt huet, wiesselt och d’Programmatioun vum Museksfestival. Haut ass de Couleur Café en Event, wou all Genre zesumme kënnt: vun RnB, Hip Hop, World bis hin zu Rock, Soul an Elektro Musek. Mat um Line-up stinn zum Beispill d’Tash Sultana, Echt!, La Jungle, London Afrobeat Collective an Anthony B. Opgebaut ass de Festival wéi e grousst Duerf an der Stad, mat ville Plazen a klenge Stroossen. Hei vermëscht sech da souwuel de Publikum wéi och d’Erliefnisméiglechkeeten: Animatiounen, Atelieren, Fanfaren, Danz, Konscht a multikulturell Renconteren. An an der "Rue du Bien Manger" gëtt een dann och kulinaresch schéi verwinnt.

Ee vun de fundamentale Wäerter vum Festival ass Respekt an Nohaltegkeet. All Joer probéiert de Festival, säin ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren. Esou ginn et am Ganzen 90 Recycling-Statiounen an der "Rue du Bien Manger". Et kann een awer och seng eege Waasserfläsch matbréngen an et gi vill lokal a regional Produiten ugebueden. An och d’Infrastrukturen an d'Dekoratioune ginn erëm benotzt a recycléiert.

RTL

© Vanessa Rasschaert

Sou surrealistesch d’Vue op den Atomium ass, sou idyllesch ass de Site am Park. Op sechs verschidde Bünen, vu grouss bis kleng, kann een hei matten an der Natur d’Musek genéissen, an dat mat enger Milliounestad am Réck. 2022 waren iwwert déi dräi Deeg Festival ëm déi 67.000 Leit komm. De Couleur Café ass en urbane Festival, deen d’Liewen an all senge Facetten a senger Diversitéit zelebréiert, dofir nach eng Kéier, à la Coely: "Momma, now we celebrate".

Couleur Café

Julien Marcy: Melt Festival (vum 8. bis den 11. Juni) 

RTL

De Gremminer See ass e sougenannten "Tagebaurestsee", en ale Site, op deem Kuel ausgegruewe gouf an deen zu engem Séi ëmgewandelt gouf. Vir déi industriell Vergaangenheet vum Site net ze vergiessen, gouf op de Séi eng Hallefinsel mam Numm Ferropolis gebaut. Op där Surface stinn haut dräi massiv Baggeren an e Musée. E bal dystopeschen Ubléck, deen u Mad Max erënnert. Nieft senge musealen Aktivitéite bitt sech d’Grondstéck awer och als Venue fir Concerten a Festivallen un. Dorënner och de Melt Festival.

RTL

© Melt Festival

Dat éischt wat beim Melt Festival opfält, sinn déi villfälteg Camping-Méiglechkeeten. Doduerch hëlt de Site séier d’Allüre vun enger klenger Stad un, mat inoffizielle Stroossen, Ecken a Géigenden. Ob am Bësch, am Sand mat oder ouni Vue op de Séi, jidderee fënnt hei déi perfekt Plaz vir säin Zelt opzebauen. Och Camper an amenagéiert Autoen dierfe sech néierloossen an ergänzen Zelt-Alleeën. Wann d’Wieder matspillt, ass natierlech de Séi de grousse Plus vum Festival. Op moies beim Sonnenopgank oder owes wärend de Festivitéiten, d’Omnipresenz vum Waasser gëtt dem ganzen Dekor e Gefill vu Vakanz, deen duerch d’Presenz vun de grousse Baggeren och nach eng Aart Zäitlosegkeet kritt. E bëssen ewéi wann een de Belval un d’Mier gesat hätt. Esch-sur-Mer sou ze soen...

Musikalesch sinn hei virun allem elektronesch Genrë representéiert, vun Elektro, House, Trans an Techno fënnt hei all Hëft e Grond, fir Deeg a Nuechte laang a Beweegung ze bléiwen. Mä och Pop an Hip-Hop sinn op enger eegener Bün representéiert ewéi och - Iwwerraschung - Schlager. Eng Beach Bar luet nämlech op divers Aktivitéiten an (dorënner och Speed-Dating), dat Ganzt an engem Kader, deen éischter un d’Päischtcroisière, ewéi un de Berghain erënnert.

RTL

© Melt Festival

An do läit eng weider Stäerkt vun dësem Festival, nämlech seng Dekoren. An Zesummenaarbecht mat Kënschtlerkollektiven erfënnt sech de Festival reegelméisseg nei a proposéiert eng villschichteg Rei un Installatiounen a Bünebiller, déi de Site an e Gesamtkonschtwierk verwandelen. Sou fënnt een en Theater, an deem am Dag Liesungen an Diskussiounen, mee och Performancen organiséiert ginn, e Club an deem een nieft spezielle Partyen och Ausstellunge fënnt, Coiffeurssalonen a souguer eng Schaukel, ewéi ee se vun der Schueberfouer kennt. Genuch Plazen, déi et engem erlaben, kuerz emol d’Danzbeen rouen ze loossen. Iessstänn a Bare feelen natierlech och net, woubäi hei e grousse Plus ass, datt een och seng eege Verfleegung mat op de Site huele kann.

Mat duerchschnëttlech 20.000 Leit ass de Melt kee klenge Festival, mee e schafft et duerch de Site a seng eenzegaarteg Atmosphär e Gefill vun Intimitéit a Gemittlechkeet ze kreéieren, deen dat ganzt zu engem onvergiessleche Summererliefnis mécht.

Melt

Sandy Elsen: Summerjam (vum 30. Juni bis den 2. Juli) 

RTL

Sonn, gutt Vibes, pulséierend Rhythmen... alles dat gehéiert zum Summerjam. De Summerjam Festival, dee schonn zanter 1986 all Joer iwwer den éischten oder zweete Juli-Weekend organiséiert gëtt, steet fir dat Bescht aus Reggae, Dancehall, Hiphop a Worldmusic. Weltbekannte Museker wéi de Snoop Dogg, Sean Paul, Shaggy, Cypress Hill, Ziggy Marley oder Gentleman si quasi Stammgäscht um Line-Up vum Summerjam Festival.

Ugefaangen hat alles 1986 op der Fräiliichtbün Loreley zu Sankt Goarshausen. Och wann deemools just eng Handvoll Reggae-Bands de Wee aus der Karibik un de Rhäin fonnt haten, direkt déi 1. Editioun vum Summerjam war ee volle Succès. Well d'Location mat charmantem Amphitheater no aacht Joer ze kleng gouf fir déi steigend Visiteurszuelen, ass de Festival 1994 op de Site vun engem fréiere Militärfluchhafen an der Géigend vu Köln geplënnert. Hei war zwar d'Infrastruktur besser, ma de Charme an dee besonnesche Festival-Vibe vum Summerjam ware verflunn.

1996 haten d'Organisateuren dunn endlech déi perfekt Kuliss fir de Summerjam fonnt: de Fühlinger See am Norde vu Köln.

RTL

© Summerjam

Zanterhier treffe sech hei Joer fir Joer ronn 30.000 Musekfans aus aller Welt a vun alle Generatiounen, fir 3 Deeg laang gutt Musek, ma och déi entspaanten a familiär Atmosphär ze genéissen, déi de Summerjam Festival sou eenzegaarteg mécht.

Op der idyllescher Festival-Insel fillt ee sech e bëssche wéi vum Rescht vun der Welt ofgeschott – ëmgi vu Waasser, Natur an dausende vu Gläichgesënnten. Friddlech, frëndlech a respektvoll gëtt bis spéit an d'Nuechten eran zesumme gedanzt a gefeiert, am Numm vun der Musek, der Diversitéit an der Freed um Liewen.

2008 war ech déi éischte Kéier um Summerjam. Begeeschtert an zu déifst beandrockt vun där magescher Atmosphär huet de Festival mech och an deene Joren duerno ëmmer nees op de Fühlinger See gezunn, wou ech mat Frënn, awer och mat Friemen onvergiesslech Momenter verbruecht hunn. Géing ech hei all d'Anekdoten opschreiwen, déi ech ze verziele weess, et géing de Kader vun dësem Artikel sprengen. De Summerjam ass einfach een Erliefnis vun der besonnescher Zort, musikalesch wéi och mënschlech.

An e puer Wochen, den 30. Juni ass et nees souwäit. Da geet de Summerjam Festival an déi 36. Ronn an dat ënnert engem Motto, dat nees voll a ganz dem Flair entsprécht, deen de Festival ausmécht: "The Spirit of Peace".

Bis den 2. Juli inclus wäerten nees méi wéi 40 international an däitsch Artiste fir onvergiesslech Momenter an der "Cologne Bay" suergen, dorënner: Alborosie, Tarrus Riley, Peter Fox, Jan Delay & Disko No. 1, Trettmann, Barrington Levy, Il Civetto, Jaz Elise a Naomi Cowan.

Performt gëtt op zwou grousse Bünen an an der sougenannter Dancehall Arena.

RTL

© Summerjam

De Summerjam bitt senge Gäscht awer net just musikalesch eng gutt Mëschung, ma och kulinaresch kann ee Spezialitéiten aus aller Welt entdecken. Donieft lackelen zeg Händler a Konschthandwierker mat Kleeder, selwergemaachte Bijouen a villen anere Summerjam-Souveniren.

Wien tëscht de Concerten och eemol d'Been ausrouen an entspane wëll, dee kann dat zum Beispill an der Feel-Good-Area maachen oder sech mat enger Loftmatrass um Fühlinger See dreiwe loossen. Vun Ufank u war et den Organisateure wichteg, dass Grouss a Kleng sech um Festival doheem fillen. Fir d'Kanner gëtt et eng speziell "Kids Area" an ee Programm prall gefëllt mat deene verschiddensten Aktivitéiten.

En 3-Dages-Ticket inkl. Camping gëtt et am Virverkaf fir de Präis vun 160 Euro. Fir een Dagesticket bezilt een tëscht 80 a 95 Euro.

Summerjam

Pit Pixius: Brutal Assault Festival (vum 9. bis den 12. August) 

RTL

Beim Brutal Assault Festival kommen d'Frënn vum Metal voll op hir Käschten. Mëtt August fënnt de Festival zu Jaromer an Tschechien statt. 1996 gouf de Brutal Assault Festival eng éischte Kéier organiséiert an ass elo a senger mëttlerweil 26. Editioun.

RTL

© Brutal Assault Festival

Een Element, dat de Festival eenzegaarteg mécht, ass de Site: Eng Militärfestung aus dem 18. Joerhonnert. D’Festung "Josefov" gouf Enn 1780 gebaut, fir d’Regioun géint Iwwerfäll an Attacke vun de Preussen ze schützen. Deen Zweck muss den ale Komplex haut net méi erfëllen, ma wien hätt geduecht, dass déi al Festungsanlag sech ideal ubitt, fir e Museksfestival? Tëscht - respektiv an - den ale Festungsmaueren a Grief gëtt déi ganz Infrastruktur opgeriicht: Bünen, Iess- a Gedrénksstänn, Logen, esouguer Konschtausstellungen. Déi déck, héich Mauere ginn dem Event eng eemoleg Atmosphär.

D’Organisateuren hu sech op de Metal spezialiséiert a bidden an dësem Beräich e ganze Spektrum vu Subgenres un. Vun Thrash- iwwer Death- a Black-Metal bis zu Hardcore ass de Lineup breet gefächert. Op véier verschidde Büne ginn iwwer véier Deeg méi wéi 150 Spektakele gebueden. D’Organisateure sinn houfreg op en diverse Programm an dass se och vill jonk a frësch Bands mat dobäi hunn. D’Headliner loosse sech och dëst Joer weisen: Anthrax, Sepultura, Meshuggah, In Flames, Trivium, Beartooth a Sodom fir just e puer ze nennen.

RTL

© Brutal Assault

Nieft de Büne fënnt een net just klassesch Gedrénksstänn, ma och richteg Bistroen, an deenen een och säi Gedrénks an engem Glas zerwéiert kritt. Punkto Iessen huet een e breede Choix vun traditioneller, bis eriwwer zu veganer Kichen. D'Musek steet kloer am Fokus vum Festival, ma donieft ginn och vill weider Aktivitéiten ugebueden, wéi zum Beispill Konschtausstellungen, en Horror-Kino oder eng Absinth-Bar mat experimenteller Musek. Mam Zil, de Festival méi Kanner- an Elterefrëndlech ze gestalten, ass dëst Joer den neie Projet "Brutal KIDS" op d’Bee gestallt ginn. Hei ginn eng Rei Aktivitéite speziell fir de jonke Publikum ugebueden. Zum Beispill kréie Kanner d’Geleeënheet, bei enger Backstage-Visitt och eng Kéier hannert d’Bün luussen ze goen.

D’Organisateure si sech bewosst, dass een och muss Energie zréck an den ale Site stiechen, fir en ze erhalen. Zesumme mat aneren Organisatioune setze si sech fir d’Renovatioun vun der Festungsanlag an. Bei der Aktioun gëtt och de Publikum mat a bezunn. All Joer ruffe se dozou op, eng Hand bei de Renovatiounsaarbechte mat unzepaken. Leit, déi matmaachen, kréien d’Chance op eng gratis Entrée. De Festival weist sech och houfreg drop, dass se sech zanter ville Joren asetzen, den Event esou ëmweltfrëndlech ewéi méiglech ze gestalten. Se hu schonn 2011/12 ugefaangen op Plastik ze verzichten a sinn als éischte Festival an Tschechien op Pfand-Becheren an organesch Telleren ëmgestigen.

De Festival ass net esou grouss wéi munch anerer aus dem Genre, déi ee kennt. Knapp 20.000 Visiteure sinn 2017 gezielt ginn. En ass och net grad ëm den Eck: gutt néng Stonne brauch ee mam Auto bis dohinner. Et kann awer e flotten Ophänkert sinn, fir e längeren Ausfluch draus ze maachen an an engems Tschechien ze entdecken.

Brutal Assault

Valeria Wiwinius: Paléo Festival (vum 18. bis den 23. Juli) 

RTL

Ee Festival, dee mech immens unzitt, ass de Paléo Festival, deen all Joer wärend enger Woch zu Nyon an der Schwäiz ass. Grënn dofir ginn et eng ganz Rëtsch, ugefaange mat der Geschicht vum Festival.

RTL

© Laurent Reichenbach

1976 gouf deen éischte Paléo Festival am ale Stadhaus vun Nyon organiséiert, deemools nach ënnert dem Numm „Folk Festival“. 1 Bün, 3 Deeg, 9 Concerten a ganzer 1.800 Visiteuren huet de Festival schonn deemools ugezunn. D’Joer drop ass de Festival dunn, op Wonsch vun de Visiteuren, ënner fräiem Himmel organiséiert ginn. 1983 gouf de Festival dunn a „Paléo Folk Festival“ ëmgedeeft an iwwer déi nächst Joren ass en ëmmer weider a senger Gréisst an och Popularitéit gewuess. An der Tëschenzäit zitt de Festival all Joer ronn 200.000 Leit aus ganz Europa un an d’Tickete si meeschtens bannent e puer Minutten ausverkaaft.

A wat wier e Festival ouni Musek? Do ass vun all Genre a fir all Goût eppes dobäi: Pop, Rock, Indie, Soul, Hip Hop, Reggae, Punk, Orchester, Acid Techno, … D’Lëscht geet weider. Iwwer d’Jore sinn esou och eng ganz Partie bekannte Perséinlechkeeten hei opgetrueden, ewéi zum Beispill d’Red Hot Chili Peppers, den Johnny Hallyday, Rammstein oder och den Elton John. Ma och de Line-up vun dësem Joer ka sech weise loossen. Perséinlech Highlighte si fir mech dëst Joer d’Rosalía, de Martin Garrix, Phoenix an alt-J.

RTL

© Frederic Montfort

Nieft der Musek, kann ee Konscht- a Luuchteninstallatiounen, Zirkus-Performancen, Poetry Slams an Theater erliewen. Net onwichteg ass och z’erwänen, dass si e Schwéierpunkt op d’Iesse setzen, wat de Festival fir mech just nach méi interessant mécht. Um ganze Site sinn eng Rëtsch Restauranten ze fannen an – a lo gëtt et interessant - ronn 130 Iessstänn, déi 60 verschidden Iesskulturen aus der ganzer Welt opgräifen.

Paléo Festival