Den däitsche Komedien a Realisateur Michael Bully Herbig kritt de 16. Juni am Münchner Prinzregententheater en Éierepräis iwwerreecht.

Den zu München gebuerenen Acteur, Dréibuchauteur, Realisateur a Produzent wier sou "erfollegräich wéi kaum een aneren Däitschen an der Filmbranche", heescht et an der Begrënnung. Hie wier e Multitalent, voller Iddien.

Mat senge Regie-Aarbechten huet de Michael Bully Herbig net manner wéi 33 Millioune Mënschen an d'Kinoe gelackelt. No sengen Ufäng als Animateur beim Radio gouf hie virun allem duerch d'Tëlee-Show "Bullyparade" souwéi d'Filmer "Der Schuh des Manitu" an "(T)Raumschiff Surprise" bekannt. Als Realisateur gouf et awer och scho méi seriö Projete wéi "Ballon" an "Tausend Zeilen".

De Bayresche Filmpräis, deen zanter 1979 verdeelt gëtt, gehéiert an der däitscher Filmbranche zu de wichtegsten Auszeechnungen. Éierunge ginn et ënner anerem an de Kategorië Regie, duerstelleresch Leeschtung, Dréibuch, Kamera a Filmmusek. Zousätzlech kann de bayresche Ministerpresident en Éierepräis iwwerreechen. Fréier Laureate sinn zum Beispill d'Realisateure Roland Emmerich a Wim Wenders souwéi d'Acteuren Hannelore Elsner a Bruno Ganz.