13. Editioun vum Monodrama-Festival
E Festival, wou d'Disziplin vum Monolog am Vierdergrond steet.
Hei zu Lëtzebuerg ass et deen eenzege Festival, deen dëse Genre vun Theater an deem Format ubitt, ma och weltwäit ginn et net esou vill Festivallen, wou et just ëm de Monolog geet. Vun dohier ass et fir d’Zeen a fir d'Disziplin vum Monolog e wichtege Rendez-vous am Joer.
Zënter der Grënnung 2010 konnt de Monodrama-Festival sech an der Theaterlandschaft integréieren. E Festival, deen d'Disziplin vum Monolog an all senge Facettë weist. De Steve Karier, Direkter vum Fundamental Monodrama Festival:
«Eise Festival huet mengen ech dozou bäigedroen, datt d’Unzuel vun de Solo-Performancen hei am Land eropgaangen ass. Wéi mir ugefaangen hunn, ass et dat bal nach net ginn. Et ass ganz seelen e Solo gemaach ginn.»
Elleng op der Bün ze stoen an de Publikum matzerappen, dat gehéiert zu de Kinneksdisziplinnen am Theater an an der Performance.
«Et gëtt net vill wouropper ee sech ka verloossen, ausser sech selwer. A wann den Otem op der Bün net entsteet, egal wéi eng Disziplin et ass, geschwat, gesongen, gedanzt, wann deen Otem net kënnt, dann dréit et net. An do kann een net ganz vill léien, een dee bei engem Solo litt, dee kënnt net wäit.»
De Steve Karier steet dann och selwer op der Bün fir de Monodrama-Festival a spillt an Eschenliebe e Mann, deen an di bestëmmten Zort vu Bam verléift ass. Diversitéit vun de Solo-Showe gëtt um Festival ervir gehuewen, vu Schwätz- a Beweegungstheater, Danz a Gesang – et gi vill Méiglechkeeten, Performanceformen ze entwéckelen. National an international Kreatioune ginn hei gewisen a mam Monolabo kënnt de Volet vun de Recherchen an dem Prozess vun engem Stéck dobäi.
«Ech wollt e Festival erschafen, deen net nëmme Produktioune weist, mee an deem och Saachen entstinn. A wann ee sech do op eng bestëmmten Ausdrocksform konzentréiert, da kann ee richteg wäit exploréieren.»
Vun haut u bis den 18. Juni kann een an der Banannefabrik am Kader vum Monodrama-Festival di verschidde Kreatiounen erliewen an entdecken.