D'Patricia Baum war beim Entwécklungsprozess vun engem Theaterstéck derbäi

Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am meeschte Spaass gemaach huet.
Am sechsten Deel vun der Summer-Serie "De Liblingsreportage" erzielt eis d'Patricia Baum aus der Kulturredaktioun méi iwwert hire perséinlechen Highlight vum Joer. De Reportage huet si hannert d'Kulisse vun enger grousser Theaterproduktioun blécke gelooss, vun den éischte Prouwe bis zu der Première.
D'Patricia Baum iwwert hire Favorit: "Mam Portrait iwwert d'Regisseurin Myriam Muller hat ech schonn direkt am Ufank vum Joer en Reportage-Highlight."
"Op eng ganz perséinlech an onkomplizéiert Manéier huet d'Myriam Muller eis hannert d'Kulisse vum Groussen Theater matgeholl an eis domat hir Passioun fir den Theater méi no bruecht. A si weist och, wat et bedeit, e Klassiker op eng zäitgenëssesch Bün ze bréngen an domat de Geescht vun der Zäit erëmzespigelen. Wat bedeit et, eng Mise en scène vun enger grousser Theaterproduktioun ze realiséieren? Wéi entsteet en Theaterstéck a wéi gesäit d'Aarbecht aus, déi dohannert stécht?
Der Myriam Muller hir Aarbecht als Regisseurin ass et, en Text an e "Spectacle vivant" ze verwandelen. Am Groussen Theater huet si am Januar d'Mise en scène vum "Songes d'une nuit..." vum Shakespeare ëmgesat. Ma esou eng grouss Produktioun verlaangt vill Viraarbecht vun de verschiddensten Departementer: vun de Kostümer bis Bünebild."

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?
D'Patricia Baum: De Portrait iwwert d'Myriam Muller gëtt en Abléck wéi eigentlech d'Aarbecht vun der Regisseurin ausgesäit a wéi si d'Schauspiller a Schauspillerinnen, wéi och déi technesch Ekippen, duerch de Prozess vum Theaterstéck leed. An esou hu mir d'Entwécklung vun den Ufanksprouwe bis zu der Première festgehalen."
Den Artikel fannt Dir hei. De ganze Video kënnt Dir Iech hei ukucken: