D‘Theaterspillen huet an der Gemeng Esch-Sauer eng laang Traditioun, déi dëse Summer mat engem eenzegaartege Projet weidergefouert gëtt.

"Tëschtzwee" nennt sech d‘Stéck, dat den Theaterregisseur Claude Mangen iwwer Méint zesumme mat 30 Amateurschauspiller op d‘Been gestallt huet. Dësen Donneschdeg ass d‘Première zu Eschduerf.

Iwwer méi wéi en halleft Joer huet de Claude Mangen de Projet "Tëschtzwee" zesumme mat ganzer 30 Amateurschauspiller aus der Gemeng Esch-Sauer entwéckelt. E Volleksstéck an der Traditioun vun de Lëtzebuerger Auteure Josy Imdahl a Max Goergen, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert den Duerftheater markéiert hunn, sou de Regisseur.

RTL

D'Geschicht spillt tëscht de 60er a 70er Joren, eng Zäit vu wirtschaftlechem Opschwong an neie Fräiheeten, ma och vu Veronsécherung. Als "Eschduerfer Jong" huet hie mat "Tëschtzwee" ee Stéck geschriwwen an inzenéiert, an deem hie versicht Erënnerungen a Stëmmungen aus senger Kandheet a Jugend anzefänken.

"Tëschtzwee" steet fir d'Hin-an-Hier-gerappt-sinn tëscht dem Dobleiwen a Fortgoen, tëscht Emotiounen, ma och fir dat, wat sech tëscht zwee Mënschen ofspillt. Bespillt gëtt d'Kierchplaz zu Eschduerf.

U sech sinn all d'Virstellunge scho komplett ausverkaaft, ma wie sech lo bäimécht, dee ka villäicht nach eng vun deenen 120 Extra-Plazen ergatteren. Gespillt gëtt vum 10. bis den 19. August.

Reservéiere kann een op luxembourg.ticket.lu.

Weider Informatioune ginn et op esch-sur-sure.lu an eschtkultur.lu.