Am Oktober 2022 ass am Lëtzebuerg City Museum d'Ausstellung "Best of Posters" opgaangen. Dës leeft nach bis de 14. Januar 2024.

Wéi den Titel et scho seet, dréit sech an der Ausstellung alles ëm Pousteren, also Affichen. Vun de ronn 2.500 Affichen, déi de Musée an hiren Archiven huet, gouf eng Preselektioun vun 250 Affichë gemaach, déi alleguer aus dem 20. Joerhonnert sinn a verschidden Aspekter thematiséieren. Dës Affichë goufen du 6 verschiddene Jurysgruppe virgeluecht, notamment Lycéesschüler, Leit, déi der Caritas hire "Creamisu" besichen, Muséesvisiteuren, -Guiden a -Gardienen, a Grafiker, déi hautdesdaags aktiv sinn. Déi Jurysgruppen hunn dunn eng final Selektioun vun 100 Affichë gemaach, déi an der Ausstellung ze gesi sinn.

ARTBOX 06.11.2022
Ausstellung "Best of Posters"

Dass ech e Fan vun der Ausstellung u sech sinn, ass an der Tëschenzäit wuel kee Geheimnis. Nieft all den Tournagen, déi ech vun der Ausstellung gemaach hunn, hunn ech mech och privat sëlleg Kéieren hei erëmfonnt a se ëmmer rëm Bekannten a Famill wollte weisen. Ech mengen, dass d'Ausstellung op engem immens interessante Konzept opgebaut ass a wéinst senger Thematik och vill verschidde Leit kann uschwätzen, ënner anerem Leit, déi normalerweis net de Reflex hunn Ausstellunge kucken ze goen.

Wat de ganze Projet nach méi interessant mécht, ass hir Workshop-Serie "Best of Print", déi am Kader vun dëser Ausstellung organiséiert gëtt. Hei ginn ëmmer rëm nei Print-Artisten invitéiert, déi de Leit hir Print-Technik fir eng oder zwou Stonne méi no bréngen.

„No Art On Air“ mam Steve Karier
Invité: De Schauspiller Steve Karier, Best of Print am Luxembourg City Museum an d'Festival Saison

Obschonns ech definitiv kee grousse Kënschtler sinn - ech iwwerloossen dat normalerweis léiwer Leit, déi eppes Anstänneges op d'Blat kréien an ech schreiwen dann driwwer - hunn ech fir meng Chronik am No Art On Air bei engem Workshop matgemaach, dee vum Zoé Thill ofgehale gouf. Wéi een onschwéier an der Sendung erkenne konnt, war ech immens houfreg iwwer mäi Resultat.

Interview mam Zoé Thill
Wärend dem "Best of Print" Workshop am Lëtzebuerg City Museum

Allgemeng hunn ech d'Experienz immens appreciéiert, net nëmme well et mech aus menger Komfortzon bruecht huet an emol eppes Neies war, mä och well de Workshop am klenge Krees ofgehale gouf, wat et der Kënschtlerin och erméiglecht huet jidderengem bëssen ënnert d'Äerm ze gräifen, deen et grad gebraucht huet. Grad als Ufänger war dat immens agreabel an huet mir och Loscht ginn, villäicht nach eng Kéier bei engem vun de Workshoppe matzemaachen oder souguer privat mat Lino z'experimentéieren. Wie weess, villäicht ass dee Workshop jo den Ufank vu menger grousser Kënschtlerkarriär?

Fir all Workshop gëtt ee Kënschtler invitéiert, dee sech op een anere Print-Format konzentréiert. Den nächste Workshop gëtt den 28. September vum Danielle Goergen organiséiert. Am Oktober kënnt dann d'Nora Wagner laanscht, am November ass et um Patrick Hallé an am Dezember ass et dann nach um Diane Jodes. Wien also och seng kreativ Oder well austesten, oder einfach mol eppes Neies erliewen, dee kënnt am Lëtzebuerg City Museum op seng Käschten.