Den Josh Island bréngt säin Debutalbum eraus

De jonke Museker ass zanter 2015 an der Lëtzebuerger Musekszeen aktiv a war ënner anerem scho Support Act fir Passenger, Clueso an James Morrison.
Bekannt ass de Singer-Songwriter fir seng Pop-Lidder, déi sech duerch hir eescht Texter a "catchy" Beats auszeechnen, bei deenen et schwéier ass, roueg sëtzen ze bleiwen. 2018 huet den Josh seng éischt Lidder erausbruecht, ugefaange mat senger EP "One", op där, ënner anerem, de Fan-Favorit "Letter for Eva" drop war. Ee Joer drop huet hie sech dunn, wärend sengem Studium zu Maastricht, dozou entscheet, professionell Musek ze maachen.
Zanterhier huet sech souwuel stëmmlech ewéi och stilistesch an technesch vill beim Josh geännert. 2021 koum du seng zweet EP "Love Don't Come Easy" eraus. Elo gouf et dann awer Zäit fir e gréissere Projet: een Album. De 15.September kënnt elo "In My Head" eraus.

© Lynn Theisen
"In My Head" ass däin Debut-Album, ma du bass awer schonn eng zimmlech laang Zäit an der Musekszeen ënnerwee. Wisou hues du esou laang gewaart, fir een Album erauszebréngen?
Een éischten Album ass e ganz besonnesche Meilesteen. Ech hunn déi Zäit an och Erfarung gebraucht, fir mäi "Sound" a meng Stëmm ze fannen. Déi lescht Joren hunn ech vill Tournéeë gemaach, Concerte gespillt an allgemeng Erfarunge gesammelt. An deem Prozess hunn ech verstanen, wat mech inspiréiert, wat mech beweegt, an d'Resultat dovunner waren erëm eng ganz Partie nei Lidder. Et huet och domat ze dinn, dass ech mat mengem Produzent Nelson Canoa e super Kollaborateur fonnt hunn, dee meng Visioun an Identitéit versteet. Mir schaffen zanter menger zweeter EP "Love Don't Come Easy" zesummen.
Mä fir éierlech ze sinn, ass dat heiten u sech mäin zweeten Album (laacht). Mäin éischten Album hunn ech mat 15 erausbruecht an do waren 10 Lidder drop, dovunner awer nëmme 4 Originaler. Deen hat ech deemools a mengem Keller opgeholl. Vue dass ech nach keen héichwäertegt Studio-Equipement hat, huet een do souguer d'Méimaschinn baussen héieren an d'Schrëtt an der Kichen. Den Album huet "Nylon" geheescht, mä ass online net méi ze fannen. Par contre, sinn nach eng Rëtsch CD'en am Ëmlaf.
Kanns du op den Titel vun dengem Album agoen?
"In My Head" handelt vun alle Gedanken, Iddien, Ängschten an Dreem, déi mir als Mënschen hunn an dovunner, wéi déi an eisem Kapp entstinn. Den Album ass souzesoen eng Introspektioun, déi een Abléck a meng Welt a Gedanke gëtt, also a mäi Kapp. Dofir fannen ech, dass et e ganz éierlechen Titel ass.
Wéi huet de kreative Prozess ausgesinn?
Déi éischt Lidder fir "In My Head" hunn ech schonn am Oktober 2021 geschriwwen, dat heescht, de ganze Prozess huet sech iwwer bal zwee Joer gezunn. Ech sinn an deem Zäitraum dräimol op Torres Vedras a Portugal gereest an dem Nelson (Canoa) säi Studio. Mir hunn all Kéiers e puer Lidder opgeholl an haten d'Chance, dass richteg gutt portugisesch Museker um Album matgeschafft hunn, wéi zum Beispill den Drummer a Bassist vun der Band "The Black Mamba", déi Portugal beim Eurovision representéieren.
Schonn éier ech an de Studio koum, hunn ech dem Nelson (Canoa) Demoe geschéckt, hien huet mir säi Feedback ginn, mir hunn iwwer d'Produktioun an den Arrangement geschwat. Et ass praktesch, dass een dat am Virfeld maache kann an déi Zäit am Studio da méi huet, fir sech op aner Saachen ze konzentréieren. Ech hunn ëmmer probéiert, e bësse méi laang a Portugal ze bleiwen, mä trotzdeem huet dee liichten Zäitdrock eis och iergendwou motivéiert, fir virun ze kommen.
Fir d'Lidd "How Does It Feel" hunn ech da mam legendäre Songwriter a Produzent Guy Chambers zu London zesummegeschafft. Hie war jorelaang als dem Robbie Williams säi Pianist op Tournéeë mat dobäi an huet Hits, ewéi "Feel", "Angels" oder "Let Me Entertain You" geschriwwen.
Et gi vill Kënschtler, déi iwwer d'Joren eng Kollektioun vu Lidder schreiwen an dann 10 bis 12 Tracks fir hiren Album aussichen. Bei mir funktionéiert dat net. Ech hu geschriwwen a wa mir d'Lidd gefall huet, hunn ech direkt eng Plaz dofir um Album reservéiert. Et ass e bësse méi impulsiv, mä ech well och net sou laang op deene Lidder sëtze bleiwen - da schreiwen ech léiwer scho weider fir mäin zweeten Album.

© Lynn Theisen
D’Thema vun dengem Album ass, sech méi op d'Géigewaart ze konzentréieren. Wisou läit déi Thematik dir esou um Häerzen?
Et war eng Thematik, déi sech a mengen Texter ëmmer erëmfonnt huet, ouni dass ech bewosst doriwwer nogeduecht hunn. Et huet sech praktesch vum Selwe geschriwwen. Meng Texter reflektéiere mäin Ënnerbewosstsinn an dat doe war eng interessant Entdeckung. Ech mengen, et läit dorun, dass d'Museksbranche an d'Entwécklung vun de Kënschtler an där Industrie immens vu Meilesteng, Zuelen, Pläng a Wuesstem gepräägt sinn. Am Prozess vergiesse mir awer, dass et u sech ëm d'Musek soll goen, dorëms Geschichten z'erzielen, Gefiller auszedrécken an de Kontakt zum Public ze fleegen. Ech well déi Momenter an déi Rees méi genéissen, an de Schreifprozess vun dësem Album huet mir dat wierklech virun Ae gefouert.
Wat géifs du dir wënschen, dass d’Nolauschterer vun dengem Album mathuelen?
Ech géif d'Nolauschterer gären op eng Entdeckungsrees a meng Welt alueden, déi vu Geschichten an ënnerschiddleche musikalesche Richtunge beaflosst gëtt. D'Lidder handele vun Themen, wéi Motivatioun, Respekt, Léift, mental Gesondheet, eis Relatioun mat der Zäit an d'Sich no Identitéit, an ech mengen, dat sinn alles Themen, mat deene mir eis all kënnen identifizéieren. Dofir géif ech mir wënschen, dass, virun allem bei Live-Optrëtter, dat Gefill vu "Mir sëtzen all am nämmlechte Boot", eriwwerkënnt.
Wat steet elo bis ausgangs dës Joers nach bei dir un?
Nodeems den Album erauskoum, steet emol eng grouss Europa-Tour um Programm mat ronn 25 Rendezvousen; dorënner e puer Club-Concerten an Däitschland an an der Belsch, e puer Support-Slots an Holland an de Reeperbahn Showcase Festival zu Hamburg. Den 11. November ass dann de groussen Ofschlossconcert, respektiv "d'Album Release Party" op der Schmelz zu Diddeleng. Do sti mir als eng Band vun 9 Leit op der Bün - et gëtt also wuertwiertlech eng Party. Duerno steet dann emol Vakanz um Programm, dat hat ech dëse Summer nämlech nach net.