3 "Generation-Art"-Kandidaten am Märeler Park
Den Emop, de "Europeen Month of Photography" ass nach net eriwwer, ma uechter d'Stad gesäit een den Ament nach ëmmer eng ganz Rëtsch Fotosausstellungen...
Sou wéi den Ament am Märeler Park. Bei dëser Open Air-Ausstellung gesäit een d'Wierker vun 3 Kandidate vun der leschter Staffel vun der RTL-Produktioun "Generation Art". D'Manon Diederich, de Pit Reding an de Pol Trierweiler, weisen hei hier Versioun zum Thema "Rethingking Identity".
De Pol de Pit an d'Manon waren allen 3 ënnert de leschte 5 Kandidaten vun der 4. Staffel Genertion Art "Foto Edition". Et ass dann och de Paul de Felice, ee vun de Jury-Membere vun Generation Art, deen der Stad Lëtzebuerg déi 3 Fotografen am Kader vum EMOP virgeschloen huet.
De Pol hat et bei Generation Art bis an d'Finall gepackt a gesäit d'Emissioun als Sprangbriet fir seng Karriär. A senger Serie "Garden" huet hien mat enger Thematik geschafft, déi hie scho bei Generation Art ugefaangen hat.
Och d'Manon bleift sengen Themen trei: am Märeler Park stellt hat eng Serie aus, an där et weibleche Personnagë vun alen Tableauen de Mond zou gepecht huet. Him geet et drëms, de Frae souzesoen de Mond ze "stopfen", fir sou ze weisen, wei patriarchal Strukturen de Fraen d'Stëmm geholl hunn.
Dem Pit seng ganz perséinlech Aarbecht iwwert seng eege Fragilitéit an där vu sengen enke Frënn, ass och duerch Generation Art entstanen. Fir beim Emop dobäi ze sinn, ass fir hien eng wichteg Etapp a senger Karriär. Fir hie sinn sou Momenter e Beweis dofir, datt hien de richtege Wee als professionelle Fotograf ageschloen huet. D'Expo am Märeler Park kann ee sech nach bis Enn Oktober ukucke goen.