Et ass den Haaptpräis vum Festival, wou bei den Hären de Colman Domingo priméiert gouf, an de Spike Lee als beschte Regisseur.

Beim internationalen Film-Festival zu Toronto gouf d’Vicky Krieps e Sonndeg den Owend mam "Tribute Award" fir hir exzellent schauspilleresch Performance ausgezeechent. Et ass den Haaptpräis vum Festival, wou bei den Hären de Colman Domingo priméiert gouf, an de Spike Lee als beschte Regisseur.

An der Vergaangenheet goufen ënner anerem de Brendan Fraser, de Benedict Cumberbatch, den Anthony Hopkins, d'Kate Winslet an d'Meryl Streep mat dësem Präis ausgezeechent.

De Chef vum Toronto’er Festival Cameron Bailey huet d’Vicky Krieps geéiert mat de Wierder, dass hir Passioun fir d’schauspillerescht Handwierk an hir Fäegkeet ganz divers authentesch Rollen ze spillen, Si zu enger richteger Gréisst am Kinos-Beräich géife maachen.

D’Lëtzebuergerin spillt am neie Film vum Viggo Mortensen "The Dead Don’t hurt", deen e Freideg zu Toronto Welt-Première hat, d’Haaptroll.