Däitsche Rapper
De Concert vum Marteria am Atelier no e puer Minutten ofgebrach

Wéinst technesche Probleemer gouf den Optrëtt vum Marteria um Sonndeg um 21.30 nees ofgebrach. Kee Rap-Sound ass duerch d'Speakere gaangen, nëmme Kaméidi.
Och een zweete Versuch, fir déi technesch Pann ze behiewen, blouf ouni Erfolleg. De Rapper a seng Ekipp hate keen Ersatzcomputer derbäi. Déi 1.000 Leit am Stater Atelier goufe mat gratis T-Shirte vertréischt.
De Marteria an och den Atelier hunn um Méindeg op Instagram annoncéiert, datt de Concert dëse Freideg nogeholl gëtt. D'Tickete bleiwe valabel. Leit, déi deen Dag keng Zäit hunn, gi rembourséiert.
Am meeschte gelies