Zwou nei Publikatiounen am Kader vun der "Journées Européennes du Patrimoine"

Dat wier eng Kéier d'Buch "Die Éimaischen - immaterielles Kulturerbe" an awer och d'Wierk "LUXEMBOURG sketch by sketch".
D'Thema vum europäeschen Dag vum Patrimoine dëst Joer ass "immateriellt Kulturierwen", zu deem d'Éimaischen an der Stad zanter 2008 gehéiert.
Die Éimaischen - immaterielles Kulturerbe

Si ass eng vun de beléiftste Lëtzebuerger Traditiounen a gëtt all Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart an der Alstad organiséiert. Esouwuel Lëtzebuerger wéi och auslännesch Visiteure kommen dofir all Joer an d'Stad op den spezialiséierte Maart vun der Poterie, fir sech déi neisten Editioun vum "Péckvillchen" respektiv eng aner Spillsaach oder Gerät aus Toun ze sécheren, schreift de Comité Alstad an hirem Pressecommuniqué.
Den Ursprong vun dësem spezialiséierten Handwierkermaart geet bis an d'14 Joerhonnert zeréck. Op Ouschterméindeg sinn deemools d'Handwierker aus der Poterie vun Nouspelt an d'Stad komm, fir hei hir Wueren ze verkafen.
D'Buch kënnt den 1. September eraus an ass fir 15 Euro ze kréien. Et kann een et awer och beim Comité Alstad fir 20 Euro virbestellen, an deem Präis ass de Porto mat abegraff.
"LUXEMBOURG sketch by sketch"

Tëscht 2016 an 2023 huet de Belsch-Lëtzebuerger Architekt Arnaud de Meyer an der Lëtzebuerger Alstad an de Viruerter eng Sammlung vu Skizzen gemaach. D'Buch, wat mat dëse Skizzen erauskënnt, huet als Zweck, fir d'Stad méi bekannt ze maachen oder d'Leit motivéieren, fir d'Stad aus enger anerer Perspektiv ze kucken. Fir dës Plazen da besser ze fannen, si se op enger Kaart, déi am Buch mat dran ass, markéiert.
Vill vun den Objeten, déi een am Buch fënnt, gehéieren zum nationale Kulturierwen an d'Technik vum Skizzéieren ass e Geste vum immaterielle Kulturierwen, heescht et am Schreiwes vum Comité Alstad. Am Kader vun der "Journées Européennes du Patrimoine" gëtt den 23. September 2023 och e Workshop organiséieren.
De 25. September wäert d'Buch erauskommen, dat fir e Präis vu 25 Euro. Virbestelle kann een et och beim Comité Alstad fir de Präis vun 30 Euro, Porto inclus.