Den James Arthur kënnt am Februar 2024 an den Atelier

No 2017 kënnt de brittesche Sänger a Museker nees op Lëtzebuerg, dat an den Atelier.
Bekannt ass den James Arthur ginn, wéi hien am Joer 2012 déi 9. Staffel vun der Casting Show "The X Factor" gewonnen huet.
Elo wäert hien nees op Lëtzebuerg kommen, dat de 7. Februar 2024, méi genee an den Atelier. Dës Tour ass dann och am Kader vu sengem neien Album "Bitter Sweet Love" deen de 26. Januar d'nächst Joer erauskënnt.
Tickete ginn e Freideg den 22. September 2023 um 10 Auer moies an de Virverkaf.
Dir wäert och gären dobäi?
Ma dir kënnt är Ticketen awer och mat e wéineg Chance bei eis gewannen, mir verspillen nämlech 2x2 Ticketen, fir de brittesche Sänger hautno live z'erliewen.
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "ARTHUR" an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.