De Flamenco-Gitarrist Peter Kalb "el Periquín" stellt säin neien Album "Homecoming" zu Lëtzebuerg vir.

Wéi ee Land verbënnt ee mam Flamenco? Spuenien - natierlech. Et muss een awer net a Spuenien gebuer sinn, fir de Flamenco am Blutt ze hunn! Zënter 1985 kann een am Conservatoire vu Rotterdam bei dem legendäre Flamenco-Gittarist Paco Peña léieren. Duerch déi Schoul si vill exzellent Kënschtler gaangen, wéi de Gaspar de Holanda (Jasper Lockefeer), den Tino van der Sman an de Peter Kalb "el Periquín", deen den 21. September op Lëtzebuerg kënnt.

Hie war 1985, mat grad emol 17 Joer, ee vun den éischte Schüler vum Paco Peña (an dee jéngsten iwwerhaapt, deen am Conservatoire ugeholl gouf). De Conservatoire vu Rotterdam huet deemools eng weltwäit Virreider-Roll gespillt: a Spuenien huet zu dem Zäitpunkt nach kee Conservatoire Flamenco-Coursen ugebueden, an och haut ass et keng Selbstverständlechkeet.

D'Verbindung tëscht Holland an dem Flamenco geet awer nach méi wäit: D'"Flamenco Biennale Nederland" ass zënter 2006 ee vun de wichtegste Flamenco-Festivaller op der Welt. Dass de Flamenco wäit iwwer d'Grenze vu Spuenien d'Mënsche begeeschtert, wësse mir natierlech och zu Lëtzebuerg, wou jo all Joers am Mee den Escher Flamenco Festival um Programm steet.

De Peter Kalb huet awer och en oppent Ouer fir aner Museksrichtungen. Hien huet dacks mat Jazzmuseker zesummegeschafft an huet sech fir seng Disquen u Lidder vum Michael Jackson oder Kompositioune vum Ennio Morricone inspiréiert.

Mat sengem 10. Album "Homecoming" feiert el Periquín gläichzäiteg och 40 Joer Karriär. "Homecoming" ass streng geholl kee Studioalbum - déi 10 Tracks goufen an eng aler verloossener Kierch am Süde vu Portugal opgeholl.

Dir kënnt deen aussergewéinleche Flamenco-Gittarist live erliewen, en Donneschdeg den 21. September am Centre Culturel Altrimenti (5, Avenue Marie-Thérèse L-2123 Luxembourg) um 20 Auer.

Méi iwwer de Kënschtler an e Link fir d'Ticketen ze kafen fannt Dir op der Websäit vum Peter Kalb.