D'Summerpaus ass eriwwer an den TNL huet seng nei Saison 23/24 virgestallt.

RTL

Am TNL steet alles op der Kopp. An dat am Kontext vun der neier Saison, hei ass de roude Fuedem vun der Programmatioun nämlech: "D'Welt ass op der Kopp."

Alles bougéiert a villes ass absurd. Den Theater, deen een och als Spigelbild vun deem, wat an eiser Welt geschitt, ka gesinn, bréngt esou d'Geschichten aus der Vergaangenheet a vun haut op d'Bün. Vu nei inzeenéierte Klassiker, Reprisen, Kreatioune bis hin zu engem ganz spezielle Gebuertsdag ass och dëst Saison ganz ofwiesslungsräich.

Ufänken wäert di nei Saison mat enger Reprise vum Gintare Parulyté hirem Stéck "Lovefool". Nodeems d'Stéck an Europa gereest ass, dorënner och um Edinburgh Fringe Festival, kënnt d'One-Woman Show zréck an den TNL.

"Love Fool" vum Gintare Parulyté am Thêtatre National
"Lovefool" erzielt d'Geschicht vun enger Schauspillerin, déi wärend engem Casting humiliéiert gëtt an dëst iwwert sech ergoe léisst.

Den 3. Juni 1924 ass den Auteur Franz Kafka verstuerwen. Fir den 100. Doudesdag steet de Schrëftsteller vun dohier ganz am Zentrum. De Kafka huet wéi keen aneren d'literaresch Welt vun deemools op d'Kopp gestallt an ass bis haut prägend. "Franz Kafka: Im Traum erscheint mir manchmal die tote Braut" - eng Liesung mat Kafka-Texter mat der däitscher Schauspillerin Corinna Harfouch.

RTL

© Pascal Bünning

"Le Petit Prince" gehéiert, no der Bibel, zu de meescht iwwersaten Texter op der Welt. De François Camus huet den Text fir d'Bün adaptéiert - en Theaterstéck fir Kleng a Grouss.

RTL

"Café Terminus" hat seng Première dëst Joer am TNL an gëtt och di nächst Saison wéinst dem grousse Succès nach e puer mol gespillt.

D'Theaterstéck "Café Terminus" geheit e Bléck an déi no Zukunft
"Café Terminus" ass eng poetesch Dystopie vun eisem Land a feiert den 9. Mäerz am TNL seng Uropféierung.

E weidere bekannten grousse Klassiker kritt seng Plaz nach eng Kéier op der Bün vum TNL. "Les Misérables" vum Victor Hugo. Nodeems d'Stéck zu Avignon gewise gouf, kann een d'Meeschterwierk vum Victor Hugo nach eng Kéier hei zu Lëtzebuerg gesinn.

RTL

Iwwer 50 Lëtzebuerger Kënschtler wäerte fir d'Saison 23/24 op oder hannert der Bün vum TNL stoen.

De ganze Programm mat all de neien Theaterstécker, Reprisen a Kreatiounen vun der neier Saison vum TNL :

Den TNL, dee bis elo als ASBL funktionéiert huet, gëtt dann och ab dem 1. Januar Etablissement public.