De Kolumbianer huet scho mat 12 Joer ugefaange mat molen an huet fréi Suen als Designer an Illustrator verdéngt.

Schonn an den 1950er Joren huet e säin eegenen, haut weltberüümte Stil fonnt. Säin Thema ass de Mënsch, dat mënschlecht Liewe mat all senge Facetten. E weist de mënschleche Kierper, grad ewéi all aner Formen, an iwwerdimensionéierte Proportiounen. All seng Figure sinn déck, bis ganz déck gehalen.