Dat ass schonn déi fënneft Editioun vum Danz-Festival, dee vun der "Swing Dance Luxembourg asbl" organiséiert gëtt.

10 Joer ass et elo hier, dass d’Swing Dance Luxembourg asbl an d’Liewe geruff gouf, fir Leit, déi sech fir d'1920er, 1930er an 1940er Jore begeeschteren an déi Form vun Danz wëlle weider ausüben.

D'Alternativ huet Uklang fonnt. Ronn 200 Dänzer an Dänzerinne kommen an der asbl hir Coursen - eng 30 dovunner sinn all Woch an de Coursen ze fannen. Donieft organiséiert de Veräin och speziell Workshoppen a Festivaller, ewéi zum Beispill de "Swing the Abbey"-Festival, deen elo fir d'Fënneft organiséiert gëtt.

Iwwer dräi Deeg ginn an der Abtei Neimënster eng ganz Rëtsch Workshoppe vun internationale Profi-Dänzer ugebueden, déi sech jeeweils op verschidde Stiler konzentréieren. Begleet gëtt dat Ganzt vu Live-Musek – dëst Joer ass de Choix op d’Amsterdamer Band "Roaring Cats" gefall. Méi Informatiounen zu deene verschidde Workshoppe ginn et hei.