Am September ginn déi traditionell Kulturhaiser nees an deen aktive Modus iwwer. Och d’Philharmonie fänkt da mat hirem Zyklus vu Concerten un.

De Régis Thill war fir eis op engem Owend an der Philharmonie, wou d’Fervente vu populärer klassescher Musek op héijem Niveau voll op hier Käschte koumen.

Ouverturen a Chouergesäng aus dem Giuseppe Verdi sengen Operen - dat kann net schif goen, wa se vum Orchester a vum Chouer vun der Scala Mailand opgefouert ginn. Eenzel Melodië sinn sou populär, datt vill Leit se spontan matsumme kënnen. Dat freet natierlech och déi Verantwortlech vun der Philharmonie, dass d’Saison gläich op Héichtouren ufänke kann.

Den Orchesterchef vun der Scala Mailand, de Riccardo Chailly, huet et fäerdegbruecht dem Verdi seng Operestécker net an enger pathetescher Zooss ënnergoen ze loossen, méi d’Feinheete vu senger Musek an évidence ze setzen.

Vergiess sinn déi schwiereg Zäite wärend der Pandemie, déi grouss Orchesteren, déi grouss Vedettë sinn nees ze kréien um Museksmaart. An d’Philharmonie huet natierlech gutt Argumenter, fir dass déi Bescht op Lëtzebuerg kommen.