Zënter 11 Joer wunnt si zu Hamburg
D'Kënschtlerin Jil Lahr ass op Hamburg geplënnert, fir Molerei ze studéieren an ass dann duerno an der Hafestad bliwwen. Haut huet si hiren Atelier hei.
Mat der Molerei huet beim Jil Lahr alles ugefaangen. Wärend de Studien huet si awer scho vill experimentéiert an ass ëmmer nees aus dem klassesche Kader vun der Molerei erausgaangen. Haut dréint sech hir kënschtleresch Praxis vill ëm d'Sammelen. Sammele vun alldeeglechen Objeten, oder wéi ee sou schéi seet: dem "Krimskrams". Et ass an der Einfachheet, Absurditéit oder Komik vun dësen Alldagsobjeten, wou si hir Inspiratioun fënnt.
Op ee visuelle Genre wëll sech d'Jil Lahr net festleeën a bleift hirem experimentelle Stil trei an dat op eng ganz intuitiv a spontan Manéier. An och den Humor kënnt hei net ze kuerz. Op Molerei, Zeechnen, Installatioun oder Keramik, d'Jil Lahr exploréiert hir Wierker op eng spilleresch Manéier. An no 11 Joer zu Hamburg huet si mëttlerweil hire Reseau hei fonnt.