Den 29. Februar an der Rockhal
Den Jason Derulo kënnt op Lëtzebuerg

Den Atelier bréngt d'US-Hitmaschinn am Kader vu senger "Nu King Tour" den 29. Februar 2024 op Lëtzebuerg.
Wéi den Atelier e Méindeg annoncéiert huet, kënnt den US-Sänger, deen 2009 säin internationalen Duerchbroch hat, Ufank 2024 op Lëtzebuerg. D'Tickete fir de Concert vum Jason Derulo an der Rockhal kommen e Freideg, den 22. September um 10 Auer um Site vum Atelier an de Verkaf.
Am meeschte gelies