1905 huet de franséische Sculpteur Gaston de Luppé de Palais direkt vis-à-vis vun den Arènë kaf.

Ursprénglech koum de Gaston de Luppé vu Paräis, ma huet sech wéi vill Kënschtler déi Zäit an d'Provence verléift. De Palais huet eng beweegte Geschicht an ass iwwert d'Joren ëmmer nees transforméiert ginn. Ma eppes ass awer ëmmer bliwwen: d'Iddi, d'Konscht mam Lieu ze verbannen. Zesumme mat zwee Kënschtlerkolleegen huet de Gaston de Luppé de Palais an de florentinesche Stil ëmgewandelt.

Fir de Loup de Luppé, dee vun der Säit vu senger Mamm Lëtzebuerger Virfaren huet, ass et wichteg den Esprit vum Palais an domat och vu sengem Grousspapp, bäizebehalen an ze versuergen. De Sculpteur Gaston de Luppé, deen 1939 verstuerwen ass, huet domat e wäertvollt Ierwen hannerlooss.

Fir d'Laetitia de Luppé ass et wichteg, datt de Palais net zu engem verstëbste Musée gëtt, mee datt Wierker vun deemools mat Konscht vun haut verbonne ginn. D'Spuere vum Gaston de Luppé sinn am ganze Palais ze spieren, vum Raum, wou hie gemoolt huet, bis hin zum Gips-Atelier.

Der Koppel ass et wichteg, de Lien mat Lëtzebuerger Kënschtler ze behalen a vun dohier fënnt een och national Artisten am historesche Palais erëm, wéi zum Beispill d'Florence Hoffmann, déi mat hirer Serie vu Stéieren eng Bréck tëschent de Kulture mécht.

De Palais de Luppé steet haut ënner Denkmalschutz an ass zënter 3 Joer op fir Visitten. Ma och als Tourist kann ee vum Lieu profitéieren a seng Vakanz an de Chambre d'Hôten am Palais verbréngen. Et ass am Palais de Luppé, wou d'Traditioun, d'Geschicht an de Patrimoine op Zäitgenosse vun haut treffen. En eenzegaartege Lieu matten am Häerz vun Arles.