Hollywood kritt net genuch vum Vicky Krieps

Déi Lëtzebuergesch Schauspillerin soll am Jim Sheridan, dee scho sechs Mol bei den Oscaren nominéiert gouf, sengem nächste Film "Re-creation" matspillen.
D'Consecratioun vun der Schauspillerin zu Cannes, wou Si de Präis fir déi bescht Schauspillerin am Kader vum Programm "Un certain regard" krut, huet d'Opmierksamkeet vun Hollywood nach méi op d'Vicky Krieps gericht.
Zu Venedeg, wou niewent dem Filmfestival och de Gap-Financing Market organiséiert gëtt, gouf ee gewuer, datt den iresche Produzent a Regisseur Jim Sheridan gäre géing mat der Lëtzebuergescher Schauspillerin zesummeschaffen. Konkret geet et ëm d'Roll vun der 1996 ermorde Sophie Toscan du Plantier. De Film Re-creation soll op de mysteriéise Mord vun der Fra vum franséische Produzent Toscan du Plantier agoen.
Sechs Mol gouf de Sheridan fir seng Produktioune bei den Oscaren nominéiert, ënnert anerem fir seng Filmer In The Name of The Father an My Left Foot. Béid Filmer haten den Daniel Day-Lewis an der Haaptroll. Den iresche Schauspiller an Oscar Gewënner war iwweregens 2017 schonns zesumme mam Vicky Krieps am Film Phantom Thread ze gesinn. Ob si sech an dësem neie Projet op en neits géigeniwwer stoe wäerten, ass nach net gewosst.
Sécher schéngt awer, datt der Vicky Krieps hiert Gesicht nach laang op de Kinosschiermer vun dëser Welt ze gesi wäert sinn.